19h00-23h00
Emil (19ten September)
Dramatesch Geschicht vum jonke Zwangsrekrutéirten Emil deen aus der Wehrmacht désertéiert
ass an sech zu Lëtzeburg – dat fun de Nazien besaat ass – verstopt an versicht de Krich z‘iwerliewen.
Zu Heischend erschéisst den Emil zwee Preisen an gët – zesummen mat sengen Kollegen – fun
der Gestapo gejoot an en d’Enkt gedriewen. Ganz Urtschaften ginn emstallt an grouss Razzien
durchgefouert.
D‘Resistenz – eng Art Schutzengel – huet et schwéier die jonk Männer ze zëssen an se firun
hirem jugendlechden Lichtsënn ze schützen .
Op Schratt an Tratt kënnen Kollaborateuren an Gielemännercher den Fahnenflüchtegen fatal
ginn an ëmmer ërem kennt et zu liewensgeféirlechen Situatiounen .Méi wie éng Kéier huet den
Emil an seng Kollegen onheemlech Chance an sie kënnen de Nazien an läschter Sekonn entkommen.
Mais net ëmmer geet et gut fir d’Leit am Ennergrond aus an méi wie een Resistenzler an Fahnenflüchtegen
gët verhaft an fun de Nazien higeriicht.
De Film fum Marc Thoma an Pol Tousch steipt sech op Tagebuch fum Emil Schwirtz, ass op real
Fakten opgebaut an gët ennermauert mat zum Deel onveröffentlechten Dokumenter an Zeienaussoen.
D’Engelcher