A A A
Calendrier
<< Septembre 2023 >>
LMMJVSD
28 29 30 31 1 2 3
4 5 6 7 8 9 10
11 12 13 14 15 16 17
18 19 20 21 22 23 24
25 26 27 28 29 30 1
Actualités
Toutes les actualités
Agenda
Consulter tout

Agenda

  • Agenda-Mullebutz
    Kannershow – Kapitän Mullebutz

    1 octobre 2023
    4:00 - 5:00
    Ancien hall sportif, Bridel

    D’Kulturasbl Koplescht Briddel organiséiert zesumme mat der Gemeng Koplescht eng Virstellung vun der Kannershow « De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse si schneekeg! ».

    Ëm wat geet d’Kannershow?
    De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen hunn erëm Buedem ënnert de Féiss. De Kapitän a seng Crew sinn an Héichform, a kënne mat guddem Gewëssen op hire Bauch lauschteren. Lo gëtt gutt gejickt a geschneekt… hmm! Pechege Kachkéis, en Zappee, eng laaaaaaang Zoossiss a ganz vill Schockela.

    Bekannte Vollekslidder & Songs vum Auguste Donnen, René Pütz, Georges Urwald, Jenny Hilger, Ralph Kilburg a Romy Grangenet treffen op Greatest Hits aus de leschten Joerzéngten vun de Beatles, Little Richard, Limahl, Harry Belafonte, Alphaville & dem King: Elvis Presley.

    De Kapitän a seng Matrousen invitéieren all kleng a grouss Pirate fir mat hinnen ze sangen, ze danzen an ze schneeken.

    Dëst Joer si Kanner, déi schwéier héieren oder daf sinn, extra wëllkomm op eise Concerten, well mer se mat Hëllef vum Véronique Wagner-Steinmetz och an der Gebäerdesprooch presentéieren.

    Informatiounen
    Wéini?  Sonndes, den 1. Oktober 2023 um 16 Auer
    Wou?  An der aler Sportshal um Briddel · 7, rue François-Christian Gerden · Bridel
    Fir wien?  recommandéiert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer
    Wéi eng Sprooch?  Lëtzebuergesch
    Wéi laang?  55 Minutten
    Wéi vill?  8€ fir Kanner bis 12 Joer · 16€ fir Erwuessener a Kanner iwwer 12 Joer
    Reservéieren?  Dir kënnt Är Plazen am Viraus reservéiere per Mail op communication@kopstal.lu oder ënnert der Nummer 27 327 – 306. Mëllt Iech wgl. bis de 25. September 2023 un.
    Bezuelen?  Är Plazen a Consommatioune kënnt Dir sur place bezuelen. Bréngt wgl. Borgeld mat, Kaarte ginn net akzeptéiert.

    Flyer-Mullebutz-01102023

Menu