Skip to main content
27.09.25

Elterenbrunch · Jugendhaus Briddel

  • 5, rue François Christian Gerden
  • 11h00 - 12h30

Informatiounen

Äert Kand kënnt gären an d’Jugendhaus, mee Dir hutt nach Froen? Da kommt op eisen Elteren-Brunch!

An enger gemittlecher Atmosphär kennt Dir d’Jugendhaus an d’Team kenneléieren, méi iwwer eis Aktivitéiten a Projeten gewuer ginn a Froen stellen.

Ab 12h30 ass zesumme Mëttegiessen ënnert dem Motto „Weltkichen“. Dir sidd häerzlech invitéiert, e klenge kulinaresche Bäitrag aus Ärem kulturelle Kontext matzebréngen – d’Jugendhaus mécht natierlech och mat!

Mir freeën eis op e flotte Austausch a schéint Zesummesinn!