Skip to main content

Klimapakt

Am Dezember 2022 gouf d'Gemeng Koplescht fir hiren Engagement fir de Klimaschutz an den Naturschutz zertifizéiert. D'Efforten, souwéi d'Ëmsetzung vun enger Rei vu Moossnamen hunn der Gemeng et erlaabt, mat 51,40% op déi zweet Kategorie vun der Zertifizéierung vum Klimapakt ze kommen.

D'Ziler

D'global Äerderwiermung ass den Ursprong vu ville Verännerungen, déi dat natierlecht Gläichgewiicht vun eisem Planéit a Gefor bréngen.

Lëtzebuerg huet sech engagéiert, d'CO2-Emissiounen, déi fir d'global Äerderwiermung verantwortlech sinn, ëm 55% bis 2030 ze reduzéieren.

Wat d'Energieeffizienz ugeet, gëtt eng Reduktioun vu ronn 40% bis 2030 ugestrieft.

Wärend dëser Period sollen déi erneierbar Energien en Undeel vun 23% am finalen Energieverbrauch erreechen.

Bedeitend Efforte sinn och siichtbar an de Beräicher vun der Kreeslafwirtschaft, der Loftqualitéit an der Adaptatioun un de Klimawandel.

Duerch hiren Engagement am Klimapakt, hale sech d’Gemengen un d'Ziler vum Regierungsplang an engagéieren sech aktiv eng nohalteg an ëmweltfrëndlech Energiepolitik.

De Prinzip

De Klimapakt ass e Qualitéitsmanagement- an Zertifizéierungsprogramm, deen de Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable ageriicht huet fir den Engagement vun de Lëtzebuerger Gemengen an der Energietransitioun an am Klimaschutz ze erliichteren.

D’Gemengen, déi beim Klimapakt matmaachen, siche sech d’Aktiounen, déi si op hirem Territoire ëmsetze wëllen, an engem Katalog vu 64 Mesuren eraus. Am Géigenzuch finanzéiert de Staat d'Käschte vun de Klimaberoder, souwéi eng variabel Subventioun ofhängeg vun den Efforten no hirem Zertifizéierungsniveau.

6 Haaptkategorie ginn ugestrieft: 

  • Planifikatioun vun der territorialer Entwécklung 
  • Gemengegebaier
  • Versuergung an Gestioun vun de Ressourcen 
  • Mobilitéit
  • Intern Organisatioun
  • Kommunikatioun an Zesummenaarbecht

Well d’Gemengen déi ëffentlech Autoritéit sinn, déi dem Bierger am nooste sinn, ass eng bedeitend Bedeelegung vun de Bierger, souwéi lokalen a regionalen Associatiounen a Betriber eng wesentlech Viraussetzung ginn.

D'Charte 

Dir kënnt d'Charte vun der Gemeng Koplescht am Dokument hei drënner duerchliesen:

Charte Gemeng Koplescht · Klimapakt 2.0

D'Zertifizéierung

Am Kader vum Klimapakt huet d'Gemeng Koplescht den 30.12.2022 d'Zertifizéierung an der zweeter Kategorie mat 51,4% kritt.

Unhand vun der Grafik op dësem Site, kënnt Dir nokucke wéi dëse Prozentsaz iwwert déi verschidde Kategorie vu Moossnamen opgebaut ass.

Et gi véier Zertifizéierungsniveauen: 40%, 50%, 65% a 75%, souwéi thematesch Zertifizéierungen déi d'Efforten an de Beräicher vun der Loftqualitéit, der Kreeslafwirtschaft an der Adaptatioun un de Klimawandel belounen.

Soubal d'Gemengen am Moossnamekatalog ee Score vu 40% erreechen, kënne se auditéiert ginn an eventuell zousätzlech Subside kréien.

D’Gemeng Koplescht wäert sech weiderhin engagéieren an aktiv fir de Klimaschutz asetzen.

Méi Informatiounen zum Klimapakt fannt Dir hei: www.pacteclimat.lu

Klima Agence

Äre Partner fir Energie a Klima 

D'Klima Agence ënnerstëtzt Iech bei Ärem nohaltege Logements- a Mobilitéitsprojet: Isolatioun vun Ärem Heem, nohalteg Konstruktioun, Reduktioun vum Energieverbrauch, Ökomobilitéit.

D'Basis Energieberodung vun der Klima Agence ass neutral a gratis. Si erlaabt Iech et, déi néideg Schrëtt ze huele fir datt Ären nohaltege Logements- oder Mobilitéitsprojet erfollegräich ass, Är al Chaudière, déi mat fossillem Brennstoff bedriwwe gëtt, duerch eng méi ökologesch Léisung ze ersetzen oder souguer eegene Stroum mat Solarenergie ze produzéieren.

Dëst ass eng Partnerschaft tëschent Ärer Gemeng an der Klima Agence.

Ziler

Dëse Service huet als Zil, Iech iwwert follgend Sujeten ze beroden, ze informéieren an ze sensibiliséieren: 

  • Äert alldeeglecht Energiespueren;
  • Energeetesch Renovatioun an nohalteg Konstruktioun;
  • Heizungsléisungen fir Äert Heem;
  • erneierbar Energien;
  • Stroumproduktioun a Eegekonsum;
  • elektresch Mobilitéit;
  • den Energieleeschtungszertifikat;
  • déi disponibel Hëllef fir Äre Projet ze finanzéieren

Klimabonus

De Klimabonus-Fërderprogramm ënnerstëtzt Iech finanziell op Ärem Wee Richtung klimafrëndleche Liewensstil. Ob et ëm Logement, Mobilitéit, erneierbar Energien oder Biodiversitéit geet, setzt Iech ab elo fir eng nohalteg Zukunft an.

Dofir dréit de Klimabonus duerch finanziell Ënnerstëtzung dozou bäi, individuell Handlunge ronderëm de Klimawandel an d'Energietransitioun ze encouragéieren.

De Klimabonus ass de Regimm vun de staatlechen Hëllefen, deen et als Zil huet, energeetesch Renovatioun an nohaltege Wunnengsbau ze encouragéieren, Heizsystemer ze fërderen, déi erneierbar Energie favoriséieren, Investitiounen a Photovoltaik ze encouragéieren, d'duuss Mobilitéit an de Kaf vun elektreschen Autoen ze fërderen, souwéi d'Installatioun vun Opluetstatiounen. De Klimabonus ënnerstëtzt Iech och bei der Gestioun vun Ärem Bëschberäich an dem Schutz vu senger Biodiversitéit.

Entdeckt de Klimabonus a simuléiert de Montant vun den Hëllefe vun deenen Dir profitéiere kënnt fir an Ärem Projet erfollegräich ze sinn an domat zum Klimaschutz bäizedroen.

Internetsäit: www.klimabonus.lu

Kontakt 

Wann Dir Froen iwwert d'Servicer an d'Berodung vun der Klima Agence hutt, invitéiere mir Iech Äre Klima Agence Beroder ze kontaktéieren:

T. 8002 11 90 

Internetsäit: www.klima-agence.lu

Regional Energie Kooperativ · LEADER West

Säit Ugangs 2023, ass d’Solaranlag um Dag vun der neier Sportshal um Briddel installéiert a säit dem 21. Dezember 2023 ass se a Betrib geholl ginn.

An d'Kooperativ investéieren

All d’Awunner vun der Regioun kënne Member vun der Kooperativ ginn déi : 

  • wëllen aktiv un der Energietransitioun an der Regioun matmaachen, 
  • sech fir eng ökologesch Investitiounsméiglechkeet interesséieren, wou déi zougewise Suen an déi lokal Projeten eng signifikativ Plus-value um wirtschaftleche Plang schafen, 
  • léiwer a Gemeinschaft mat aneren interesséierten Acteuren aktiv si wéi eleng.

Firwat sech an der Cooperative aschreiwen? 

  • Fir lokal propper Energieproduktioun z’erméiglechen 
  • Fir d’Regioun méi energeetesch onofhängeg ze maachen 
  • Fir ökologeschen, sozialen a finanzielle Méiwäert ze schafen 
  • Fir géint de Klimawandel ze handelen 
  • Fir ökologesch, sozial an nohalteg ze investéieren 

Technesch Informatiounen zur Solaranlag – Sportshal Briddel 

  • Installéiert Leeschtung: 165,2 kW (413 Moduler vu jeeweils 400 Watt) 
  • Moduler: Soluxtec 
  • Orientatioun: Süden 
  • Mat enger spezifescher Joresproduktioun vun 930 kWh/kWp gëtt sech eng Produktioun vun 153.636 kWh pro Joer erwaart. 
  • Domat kann de Stroumbedarf/Joer vu ca. 38 Stéit gedeckt ginn. 
  • De Projet soll sech an 12 Joer amortiséieren, wat engem Taux vun 1,63% op 15 Joer entsprécht.

Wëllt Dir Member vun der Kooperativ ginn?

Matmaachen ass méiglech ab 100€. 

Kontakt

Regional Energie Kooperativ – LEADER Lëtzebuerg West

T.: 621 140 002 

E-mail: info@ecoop-west.lu

Internetsäit: www.ecoop-west.lu

Leitbild Klimapakt 2025