D'Gemeng
Koplescht & Briddel am Zentrum vu Lëtzebuerg
D’Gemeng Koplescht läit am Zentrum vum Land, manner ewéi 10 km vun der Haaptstad Lëtzebuerg fort, a besteet aus den Dierfer Koplescht a Briddel. D’Gemeng huet op den 1. Januar 2024 bal 4.500 Awunner mat 96 verschiddenen Nationalitéite gezielt a breet sech iwwert eng Gesamtfläch vu 7,98 km2 aus.
Mat der Mamer, déi duerch den Zentrum vu Koplescht fléisst, an de Bëscher, déi béid Uertschaften ëmginn, encadréiert eng natierlech a friddlech Landschaft d’Gemeng Koplescht, déi et sengen Awunner erméiglecht ee rouegen Alldag ze liewen an trotzdeem all d’Kamouditéiten an noer Géigend ze hunn.
D’Geschäfter an d‘Servicer déi an der Gemeng ugebuede ginn (Restauranten, Café, Bäckerei, Apdikt, Hotel, Tankstellen, asw.) erméiglechen et den Awunner hiren deegleche Besoinen nozekommen. Sëllege Buslinnen erméiglechen et, ganz einfach an d’Stad Lëtzebuerg an an déi ëmleient Stied ze fueren.
D’Ëmgestaltung an d’Opwäertung vu béiden Duerfzentre gëtt a Form vu Biergerbedeelegunge geplangt, sou datt d’Wënsch an d’Besoine vun den Awunner an d’Projete mat agebaut kënne ginn.
Eng optimal schoulesch an ausserschoulesch Betreiung gehéiert och zu de wichtegste Prioritéite fir d’Gemeng Koplescht. Souwuel fir d’Gebai vun der Maison Relais, wéi och fir de Schoulcampus, si Vergréisserungsprojeten a Chantieren amgaang.
Am Fräizäitberäich bitt eng breet Pallett u Fräizäitaktivitéiten, Eventer, Veräiner, Gruppecoursen, Sportsanlagen, Wanderweeër a Spillplazen eng grouss Unzuel u Méiglechkeeten. Egal wat d’Interesse vun den Awunner sinn, jidderee fënnt hei eppes fir sech ze beschäftegen a sozial aktiv ze sinn. D'Veräins-, Kultur- a Sportliewen, dat vun den Awunner ënnerstëtzt gëtt, garantéiert eng héich Liewensqualitéit an der Gemeng Koplescht.
