Stierffall
Deklaratioun
D'Deklaratioun vum Doud muss bannent 24 Stonnen nom Doud bei der Verwaltung vun der Gemeng vun der Plaz vum Doud gemaach ginn. Et gëtt recommandéiert, e Pompes funèbres Betrib mat den administrativen Demarchen ze beoptragen. Wann Dir d'Deklaratioun selwer wëllt maachen, kënnt Dir Iech beim Biergerzenter mat follgenden Dokumenter presentéieren:
- de medezineschen Zertifikat, deen den Doud bestätegt
- wa méiglech een Identitéitsdokument vum Verstuerwenen
- Äert Identitéitsdokument
All Froen am Zesummenhang mam Begriefnis kënnen zum Moment vun der Deklaratioun beschwat ginn.
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
