Grondschoul
Opbau
De Grondschoulunterrecht besteet aus néng Schouljoren, déi a véier Cyclen opgedeelt sinn. De Cycle 1 besteet aus engem Joer Precoce, dat fakultativ ass, an zwee Joer Prescolaire, déi obligatoresch sinn.
D’Cyclen 2, 3 a 4 entspriechen der fréierer Primärschoul. All Léierzyklus dauert am Prinzip zwee Joer (Art. 1 vum Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Organisatioun vun der Grondschoul).
Precoce
Zilsetzungen
D’Éducation précoce ass op dem Kand seng ganzheetlech Entwécklung a besonnesch op seng Sproochentwécklung ausgeriicht.
Duerch dat gemeinsaamt Léieren an d’Zesummesi kann e Kand, dat an de Precoce geet, un engem Basis-Léierprozess deelhuelen. D’Pédagogie d’éveil reegt dem Kand säin intellektuellen Interessi un a fërdert säi soziaalt, kognitiivt an affektiivt Verhalen.
Eng vun de Prioritéite vun dëse Betreiungsstrukturen ass, datt d’Kanner sech mat der Lëtzebuerger Sprooch familiariséieren. De Schwéierpunkt läit op engem spillereschen Ëmgang mat der Sprooch a reelle Kommunikatiounssituatiounen. D’Éducation précoce ass eng Institutioun vum Spillen, besonnesch vum pedagogeschen a kommunikative Spillen, a vun der Sproochefërderung duerch Übung (zesumme Billerbicher entdecken, Geschichten erzielen, sangen asw.).
Modalitéiten
Allgemenges
D’Éducation précoce ass eng fakultativ Offer. Well se Deel vun der ëffentlecher Erzéiung ass, ass se gratis.
Zouloossungsalter
D’Éducation précoce riicht sech u Kanner, déi bis den 1. September vum kommende Schouljoer dräi Joer al sinn.
Personal
D’Équipe pédagogique vun all Klass besteet aus enger Léierpersoun an enger Educatrice.
Transport
Den Transport muss vun den Elteren duerchgeféiert oder organiséiert ginn.
Adress
rue J-F Kennedy
L-8147 Bridel
Tel.: 27 327 – 717
Léierpersonal
Mme Claudine Kinn / Mme Viviane Lamesch
Mme Géraldine Reyter / Mme Liz Kalmes / Mme Mandy Haas
Prescolaire
Adress
2, rue F.-C. Gerden
L-8132 Bridel
Tel.: 27 327 – 717
Léierpersonal
Mme Claudine Havé
Mme Martine Block
Mme Nadine Stoos
Mme Cassie Marion
Mme Estelle Kauffmann
Primärschoul
Adress
26, rue de l’Ecole
L-8128 Bridel
Tel.: Cycle 2: 27 327 – 718 / Cycle 3: 27 327 – 728 / Cycle 4: 27 327 – 729
Léierpersonal
Mme Manon Hoffmann / Mme Jenny Hilgert
Mme Laurence Zeien
Mme Martine Leners
Mme Danièle Tanson-Faber / Mme Patricia Staus
Mme Nadia Klopp
Mme Tamara Feyder
Mme Sandy Steffen / Mme Xenia Peiffer
Mme Jennifer Eiffes
Mme Danièle Moes (présidente du comité d’école) / M. Philippe Kiefer
M. Kevin Wolmering
M. Christian Weber
M. Lubomir Nenutil
Mme Sophie Nilles
