Skip to main content

CDM · Centre pour le développement moteur

Wat ass dat?

D’Psychomotoriker an Ergotherapeuten aus der Sektioun 2 vum Centre pour le développement moteur (CDM) bekëmmere sech ëm d’Fréierkennung vu motoreschen Defiziter a sinn do, fir déi motoresch Fäegkeete bei de Kanner aus dem Cycle 1.2. ze ënnerstëtzen. 

Déi motoresch Fäegkeete sinn eng wichteg Viraussetzung, fir de schoulmotoreschen Erausfuerderunge gewuess ze sinn. 

D’Kollaboratioun mat den Elteren an dem ganze Schoulpersonal ass och e wichtegen Deel vun eisem Handelen, fir dem Kand eng Ënnerstëtzung ubidden ze kënnen. Nieft enger eventueller motorescher Fërderung gëtt dem Kand seng Perséinlechkeetsentwécklung positiv ënnerstëtzt. Dës Ënnerstëtzung (Begleedung a Fërderung) baséiert op d’Stäerkten an d’Interesse vum Kand. 

Wéi gi mir vir? 

  • Ausdeele vun engem Infoblat fir d’Elteren (Cycle 1.2.) am Ufank vum Schouljoer
  • Observatiounen an der Schoul (motoreschen Depistage bestoend aus 14 motoreschen Übungen) 

Wat kucke mir? 

  • Grobmotorik (Gläichgewiicht, verschidde Koordinatiounen, asw.) 
  • Handmotorik (schneiden, molen, pechen, asw.) 

Am Fall, wou d’Kand kéint vun eiser präventiver Aarbecht profitéieren: 

  • Austausch mat den Elteren an dem Schoulpersonal 
  • Mam Accord vun den Eltere proposéiere mir eng präventiv Fërderung an der Motorik (individuell oder am Grupp).

Käschten? 

Dëse Service gëtt vum Educatiounsministère finanzéiert.

Kontakt

Centre pour le développement moteur 

1, place Thomas Edison 

1483 Strassen 

T. 44 65 65 - 1 

www.cc-cdm.lu