Skip to main content

Lokal Weeër KO1 & KO2

Am Mäerz 2023 sinn zwee lokal Wanderweeër ageweit ginn. De KO1 an de KO2 sinn an Zesummenaarbecht mam Syndicat d’Initiative an dem ORT Guttland ausgeschafft an nei markiert ginn an d’Spadséiergänger kennen ee flotten an naturnoe Wee entdecken. 

Hei trëfft een op dee bekannte « Mamerdall » dee sech duerch seng impressionnant Fielsformatiounen an idyllesch Auebëscher auszeechent. 

KO1

  • Distanz: 8,94 km
  • Héichtemeter: 191 m
  • Startpunkt: Märei zu Koplescht · 28, rue de Saeul · 8189 Kopstal

KO2

  • Distanz: 7,37 km
  • Héichtemeter: 179 m
  • Startpunkt: Märei zu Koplescht · 28, rue de Saeul · 8189 Kopstal

Wann Dir de KO1 oder KO2 trëppele wëllt, kënnt Dir follgende Markéierungen nogoen:

Auto-pedestre Rondweeër

Gebuer op Initiativ vum Tourismusministère an der Mëtt vun den 1960er Joren, ass d'Zuel vun den Auto-pedestren besonnesch an den 1970er an 1980er Jore gewuess, fir am Ganzen 201 Circuiten z'erreechen. 

2 vun dëse Circuiten hunn hiren Ausgangspunkt an der Gemeng Koplescht:

AP Koplescht

  • Distanz: 9,61 km
  • Héichtemeter: 232 m
  • Startpunkt: Kräizung rue de Mersch / rue de Saeul · 8189 Kopstal

AP Briddel

  • Distanz: 7,3 km
  • Héichtemeter: 165 m
  • Startpunkt: nieft der Q8 Statioun · 59, rue de Luxembourg · 8140 Bridel

Wann Dir d'Auto-pedestren trëppele wëllt, kënnt Dir follgender Markéierung nogoen:

All d'Auto-pedestre kënnen op den Internetsäite vun www.visitluxembourg.com, souwéi op de Websäite vun de fënnef regionalen Tourismusbüroen consultéiert ginn.

Kuckt Iech d'aktuell Situatioun vun allen Auto-pedestren, Ëmleedungen a méigleche Fermeturen un ënnert: https://tourisme.geoportail.lu.

Fir méiglech Anomalien oder Probleemer betreffend den Auto-pedestren ze mellen, mellt Iech bei sentiers@eco.etat.lu.