Night Rider
Fonctionnement
Den Night Rider ass en Transportmëttel deen am ganzen Territoire vum Grand-Duché zirkuléiert a fir deen et kee feste Wee gëtt. E kann Iech bei Iech Doheem oder op all aner Plaz ënner Reservatioun siche kommen.
T. 9007 10 10 (3 Cent/Minutt)
Online Reservatiounen op www.nightrider.lu
Den Night Rider zirkuléiert freides a samschdes tëscht 17.30 a 5.00 Auer moies, souwéi bei verschiddenen Eventer (Concerten, Fester, asw.) am Grand-Duché.
Night Card
Wou kann ech eng Night Card bestellen?
De Populatiounsbüro stellt Iech eng temporär Night Rider Kaart op der Plaz aus. Nom Bezuele vun der Rechnung, déi Dir vun der Recette communale geschéckt kritt, kritt Dir eng definitiv Kaart vun der Firma Sales-Lentz heemgeschéckt.
Wee kann eng Night Card kafen?
All Awunner aus der Gemeng Koplescht vu 25 Joer (inklusiv) kënnen d'Night Card zum Präis vun 20€/Joer kréien. Erwuessener ab 26 Joer zum Präis vu 40€/Joer.
Wéi vill kascht een Trajet mat der Night Card?
D'Käschte fir Clienten déi d'Nuetskaart hunn, gi vun der Gemeng gedeckt, virausgesat datt d'Plaz vum Depart oder d'Destinatiounsplaz am Territoire vun der Gemeng läit.
Opgepasst! All Trajet dee bestallt ass, mee net benotzt an net annuléiert gëtt, kann dem Client vun der Gemeng nei fakturéiert ginn.
Wéi buchen ech een Trajet mat der Night Card?
Fir den Night Rider gratis ze benotzen, kënnt Dir Är Night Card Nummer an der Këscht "Night Card" am Reservatiounsformulaire aginn. De Montant gëtt automatesch, ënner Berücksichtegung vun Ärer Reduktioun déi Dir duerch d'Night Card zegutt hutt, ausgerechent.
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
