Skip to main content
15.06.25

Trëppeltour · Koplescht fréier&hott

  • Klaushaff
  • 14h00

Informatiounen

Wou ass de Rendez-vous?

Mir gesinn eis Sonndes de 15. Juni um 14 Auer virum Klaushaff.

Wann Dir mam Auto vum Katrewang iwwer Keespelt Richtung Schëndels fuert, gesitt Dir virun der Descente op Schëndels op der lénker Säit ee Schëld „Klaushaff“. Fuert do eran a parkt op der Säit vum Wee.

Wou geet et hin?

Den traditionelle Fréijoorsausfluch féiert eis dëst Joer bei d’Mamerleeën a bei den Hunnebuer. Vum Klaushaff aus trëppele mir duerch de Bësch bis bei d’Huellee, ier mir dono erof op den Hunnebuer ginn. Dat sinn ca. 3,5 Kilometer Wee mat interessanten Erklärungen iwwer d’Natur an e puer Geschichte vu fréier. Um Hunnebuer kritt Dir eppes géint den Duuscht. Dono organiséiere mir mam Auto de Retour bei de Klaushaff.

Gutt ze wëssen

Jiddereen, egal ob Member oder net, ass häerzlech wëllkomm. Dir braucht iech net am Viraus unzemellen. Den Tour dauert gutt 2 Stonnen. Ditt Wanderschong u fir an de Bësch.

contact@koplescht-bridel.lu – www.koplescht-bridel.lu