PAG · Plan d'aménagement général
Introduction
De Plan d'aménagement général (PAG) ass en Ensembel vu grafeschen a geschriwwene Virschrëften, déi sech ergänzen an déi dat ganzt Gemengenterritoire ofdecken. Dës deelen d’Territoiren an ënnerschiddlechen Zonen op, an deenen d'Notzung vum Buedem festgeluecht ginn.
D’Zil vum Plan d'aménagement général ass eng sënnvoll Opdeelung an Implementatioun vu mënschlechen Aktivitéiten an de verschiddenen Zonen, déi festgeluecht gi sinn, ze definéieren an eng nohalteg Entwécklung vun der Gemeng ze garantéieren. Dës baséieren op d'Ziler, déi am Artikel 2 vum geännerte Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert d'Gemengeplanung an d'urban Entwécklung definéiert sinn.
Projet de refonte du PAG
De Projet vun der Revisioun vum PAG vun der Gemeng Koplescht ass de Moment an der Adoptiounsprozedur. Déi verschidden Dokumenter vum Projet vum PAG kënnen hei agesi ginn:
Bis den neie PAG a Kraaft trëtt, gëllen d’Dispositioune vum ale Reglement déi hei consultéiert kënne ginn:
Partie écrite PAG et RBVS
Partie graphique PAG
An dësem Kontext ass et wichteg, un d’Dispositioune vum Artikel 21 vum geännerte Gesetz vum 19. Juli 2004 betreffend d'Gemengeplanung an d’urban Entwécklung ze erënneren, déi Follgendes virgesinn:
« Art. 21. Servitudes
A partir de la décision du conseil communal intervenue dans les conditions de l’article 10, alinéa 2, toute modification de limites de terrains en vue de l’affectation de ceux-ci à la construction, toute construction ou réparation confortative ainsi que tous travaux généralement quelconques qui sont contraires aux dispositions du projet sont interdits, à l’exception des travaux de conservation et d’entretien. Ces servitudes deviennent définitives au moment de l’entrée en vigueur du plan d’aménagement général. »
Partie graphique PAG
