Biergerëmfro - Plan de développement communal (PDC)
Informatiounen
 
  Online-Ëmfro vum PDC Kopstal: D’Meenung vun de Bierger zielt
Am Kader vum Plan de développement communal (PDC), deen d’Gemeng Koplescht zënter Ufank dës Joers ausschafft, ass et eis e besonnescht Uleies, Iech als Bierger*inne fréizäiteg an de Planifikatiounsprozess matanzebannen. Ob Dir zu Koplescht bezéiungsweis um Briddel wunnt, schafft, an d’Schoul gitt oder ee vun dësen Uerter besicht: Äert lokaalt Wëssen an Är Erfarunge si wäertvoll fir déi gemeinsam zukünfteg Gestaltung vun der Gemeng.
Iwwer d’Online-Ëmfro wëllt d’Gemeng erausfannen, wéi Koplescht a Briddel haut wouergeholl ginn a wéi eng Erwaardungen fir d’Zukunft bestinn. D’Resultater vun der Ëmfro bilden eng wichteg Grondlag fir viabel Planifikatiounsdecisiounen. Zum Schluss vum PDC-Prozess ginn d’Resultater vun der Ëmfro an engem Auswäertungsbericht dokumentéiert a verëffentlecht.
De PDC kuerz erkläert
De Plan de développement communal ass en informellt Planifikatiounsinstrument an e gemeinsame Fahrplang fir déi zukünfteg raimlech Entwécklung vun eiser Gemeng. Beim Ausschaffe steet e kooperative Prozess am Vierdergrond, an deem Verwaltung, Politik a Bierger*innen am oppenen Dialog zesummeschaffen.
An der éischter Phas vum Planifikatiounsprozess fir de PDC steet e geneeë Bléck op eis Gemeng: mir kucken eis un, wéi d’Gemeng haut raimlech opgebaut ass, wéi eng Offeren et gëtt, wou Potenzialer leien a wou Problemer sinn. Fir e ganzheetlechen Iwwerbléck ze garantéieren, hu mir eelef Themeberäicher definéiert, déi decisiv fir eist deeglecht Liewe sinn.
Déi 11 Themeberäicher vum PDC:
- Urbaniséierung & Logement
- Wirtschaft, Aarbecht & Tourismus
- Mobilitéit & Amenagement
- Sozial Infrastrukturen & lokal Versuergung
- Technesch Versuergungsinfrastrukturen
- Klimaschutz & Adaptatioun un d’Klima
- Nohaltegkeet & Ekologie
- Fräizäit, Sport, Kultur & Communautéit
- Informatioun, Kommunikatioun & Bedeelegung
- Gemengegestioun
Mam PDC wëlle mir garantéieren, datt d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng laangfristeg erhalen a konstant verbessert gëtt. Dobäi geet et net nëmmen drëms, existent Problemer ze léisen, mee och d’Stäerkte vu Koplescht a Briddel ze erkennen a weider auszebauen.
Firwat Är Participatioun esou wichteg ass
Nëmme wa vill Leit matschwätzen, entsteet eng zukunftsfäeg Planifikatioun fir d’Entwécklung vun eiser Gemeng, fir eng besser Liewensqualitéit, e gutt Mateneen an eng Plaz, wou ee gär lieft. Deelt Är Iddien, Ureegungen a Wënsch mat eis!
Wéi kënnt Dir matmaachen?
D’Gemeng wëllt mat Hëllef vun der Online-Ëmfro eng liicht zougänglech a flexibel Participatioun fir alleguerten d’Bierger*innen erméiglechen. Sou kënnt Dir onofhängeg vun Zäit, Plaz oder Mobilitéit direkt bei der Ëmfro matmaachen an Är Meenungen, Iddien a Suergen an den Erstellungsprozess vum PDC abréngen.
Wie ka matmaachen?
Alleguerten d’Bierger*inne sinn invitéiert, bei der Ëmfro matzemaachen. Egal ob Dir hei wunnt, schafft, an d’Schoul gitt oder op Besuch sidd, jiddwer Perspektiv ass wichteg a relevant fir eis!
Klickt hei fir bei der Ëmfro matzemaachen.
Falls Dir d’Ëmfro léiwer um Pabeier ausfëllt, kënnt dir dës am Biergercenter um Bridel ofhuelen goen. E-Mail: population@kopstal.lu, Tel.: 27 327 222
Zesumme mat Iech wëlle mir eng harmonesch, nohalteg a fir d’Identitéit vu Kopstal a Briddel gëeegent Gemengenentwécklung uschafen.
D’Gemeng freet sech op groussen Interessi a bedankt sech bei all deenen, déi matmaachen.
