Skip to main content
26.10.24

Ausfluch an d'Saarland · Visitt vun der Völklinger Hütt & Muséeën zu Saarbrécken

  • Saarland & Saarbrécken
  • 08:00 - 19:00 Auer

Informatiounen

D'Kulturasbl Koplescht an Zesummenaarbecht mat Koplescht - fréier an hott organiséiere samschdes, de 26. Oktober 2024, een Ausfluch an d'Saarland mat Visitt vun der Völklinger Hütt & Muséeën zu Saarbrécken:

  • Géint 8:00 Auer: Départ mam Bus zu Koplescht (Wiertepsch) a Briddel (Taverne)
  • 10:00 Auer: Guidéiert Visitt vun der Schmelz Völklingen (2 Stonnen)
  • 12:00 - 15:00 Auer: Fräi Mëttespaus zu Saarbrécken
  • 15:00 Auer: Guidéiert Visitt vum historesche Musée oder der Galerie Moderne  (1 Stonn)
  • 17:30 Auer: Retour op Lëtzebuerg

D'Onkäschtebedeelegunge leie bei:

  • 35 € fir Persounen iwwert 26 Joer
  • 5 € fir Jonker vu manner wéi 26 Joer

Am Präis abegraff sinn d’Faart mam Bus an d’Visitten. Umelle kënnt Dir Iech bis den 18. Oktober per Mail: contact@koplescht-bridel.lu, oder iwwer Telefon: 27 3 27-302 (Bürosstonnen), 621 516 108 (owes).

No Ärer Umeldung kritt Dir eng Bestätegung an eng Info, fir de Montant ze iwwerweisen.