Skip to main content
28.09.24

KoBri Rallye

  • Märei · 28, rue de Saeul · Kopstal
  • 09:00 - 13:00 Auer

Informatiounen

De KoBri Rallye ass eng Wanderung vu +/- 6 km fir d'ganz Famill mat engem léierräiche Quiz, interessante Stänn a Gewënnchance fir e flotte Kaddo! 

Dir kënnt Är Ekipp vu minimum 2 a maximum 6 Leit gratis per E-mail op communication@kopstal.lu oder sur place vun 9 bis 10 Auer umellen. 

Den Depart ass dann och tëschent 9 an 10 Auer bei der Märei zu Koplescht.

All Participant kritt ee Fairtrade Croissant an ee Fairtrade Kaffi offréiert. Nom KoBri Rallye sidd Dir och häerzlech op e Patt an e puer Schnittercher agelueden!