Geneemegung fräi Nuecht
Modalitéiten
Eng Ausnam fir déi normal Fermeturesauerzäit, déi um 01.00 Auer festgeluecht ass, ze verlängeren, ka bei der Gemengeverwaltung agereecht ginn. D'Demande muss net méi spéit wéi 2 Woche virum Event beim Populatiounsbüro agereecht ginn.
D'Demande ka vun Bedreiwer vun Horeca Etablissementer gemaach ginn, vun Eenzelpersounen a vu Veräiner an Clibb. D'fräi Nuecht gëtt mat 60€ verrechent an d'Areeche vun der Demande gëlt als bezuelungsflichteg.
De Schäfferot behält sech d'Recht fir den Etablissementer, iwwert déi sech d'Noperschaft wéinst ze vill Nuetskaméidi beschwéiert huet, fräi Nuechten ze refuséieren.
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
