Skip to main content

Organisatioun

- COURS KOMPLETT -

 Fir wien?

  • Fir Ufänger mat Basiskenntnisser vun der Lëtzebuerger Sprooch (A1).
  • Ofhängeg vun der Demande, an ouni prealabel Garantie, kéint e Fortgeschrëttenecours (A2-B1) organiséiert ginn. Dofir biede mir Iech am Formulaire ënnen den Niveau vum Cours unzeginn, deen Dir huet.
  • N.B.: Dëse Cours kann als Virbereedung op den Exame fir d’Lëtzebuerger Sprooch déngen, déi vum Institut national des Langues zu Lëtzebuerg (INL) organiséiert gëtt fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze unzefroen.

Dauer?

D'Course wäerte vum 15. Oktober 2024 bis de 15. Juli 2025 stattfannen ausser an de Schoulvakanzen. D'Formatioun leeft iwwert eng Gesamtdauer vu 60 Stonnen, verdeelt iwwer wéchentlech Coursë vun 2 Stonnen.

Wéini a wou?

Méindes an dënschdes, eemol d'Woch pro Niveau (ausser an de Schoulvakanzen) vun 18:30 bis 20:30 Auer zu Koplescht (d'Adress gëtt Iech spéider matgedeelt).

Formatrice

Madame Marianne Nickels-Theisen, Titulaire de l’Agrément officiel, numéro SFA/AGRF/2023/77 

Käschten & Aschreiwung

D'Aschreiwungskäschte leie bei 100€. D'Unzuel u Participanten ass limitéiert op 12 Persounen an d'Aschreiwunge lafen nom Prinzip "premier venu, premier servi". 

 

Kontakt

Kommunikatioun & relations publiques

28, rue de Saeul 8189 Kopstal

communication@kopstal.lu

27 327 - 302 / 306 / 307

Auerzäiten

Méindes bis freides

08h00 - 12h00 et 13h00 - 16h00