Kalenner vun den Offall Sammlungen
SICA Sammlungen
Kalenner vun de Sammlunge vum SICA
SICA App
Luet d'SICA App gratis erof fir Notifikatiounen iwwert d'Sammlungen ze kréien.
Dës Applikatioun gouf erstallt fir d'Kommunikatioun tëschent den Awunner vun de Membergemengen an der SICA ze erliichteren. Fir unzefänken, kënnt Dir tëscht dräi Sprooche wielen, nämlech Franséisch, Däitsch an Englesch.
Do fannt Dir Ären ökologesche Kalenner mat präzisen Erklärungen iwwert déi verschidde Sammlungen am ganze Mount. Dës Applikatioun huet eng Funktionalitéit déi et Iech erlaabt Notifikatioune virun de verschidde Sammlungen. Dir kënnt d'Sammlungen och direkt an der App programméieren, entweder per Uruff oder iwwert d'App. Duerch dës Applikatioun kann d'SICA Iech och iwwert all Informatioun déi Iech betrëfft informéieren.
Download Linke fir d'App
Kontakt
Syndicat intercommunal pour l’hygiène publique du canton de Capellen.
Adresse: SICA 28, Zone industrielle L-8287 KEHLEN
Ëffnungszäiten:
Mé – Fr: 08:00 – 12:00 an 13:00 – 18:00
Sa: 08:00 – 15:30
E-Mail: info@sica.lu
Telefonsnummer Administratioun: 30 78 38-1
Telefonsnummer Recyclingzenter: 30 78 38-30
SuperDrecksKëscht Sammlungen
Kalenner vun de Sammlunge vun der SDK
SDK am Haushalt
D’SuperDrecksKëscht® fir Bierger sammelt a ganz Lëtzebuerg schuedstoffhaltech Offäll aus Privatstéit– gratis a biergerfrëndlech. Domat kréien all Awunner a Lëtzebuerg d’Méiglechkeet, ëmweltbelaaschtend a geféierlech Offäll vum Hausoffall ze trennen a separat ofzeginn.Verschidde Sammelsystemer gi jidderengem d’Méiglechkeet, seng Problemoffäll ëmweltgerecht ze entsuergen.
Informéiert Iech iwwer d'Sammlungen an d'Entsuergung vun Offäll / Problemstoffer. Hei fannt Dir eng Lëscht vun all de Produkter déi d'SDK sammelt:
Lëscht vun de Produkter déi d'SDK sammelt
