Skip to main content
14.05.26 16.05.26

Refresh Wirtspesch

  • Centre Wirtspesch & Kulturhaus Koplescht

Informatiounen

Vum 14. bis de 16. Mee 2026 krit de Centre Wirtspesch am Häerz vu Koplescht ee komplett neit Gesiicht. 25 lokal an international Streetart- a Graffitiartiste verwandelen d’Gebai aus de 70er Joren an een urbaant Konschtwierk! Op dräi Deeg kënnt dir den Aarbechte live nokucken, Iech ee Bild vun den Artisten an der Expo am Kulturhaus maachen a vu ville weideren Aktivitéite profitéieren. Méi wéi 900 Meter Carré waarden drop an engem neien, moderne Liicht z’erstralen. Dat ganzt Event fënnt beim Centre Wirstpesch statt an ass iwwer déi 3 Deeg gratis. 

De Startschoss ass Donneschdes de 14. Mee um 16.00 Auer, mat engem flotte set vum DJ MR ANT, ënner anerem kënnt dir Iech och vun Donneschdes bis Samschdes d'Expo zu den Artisten am Kulturhaus ukucken. 

Freides de 15. Mee geet et vun 16.00 Auer bis 22.00 Auer weider, hei ass awer nieft de Graffiti-Artisten och nach vill Programm fir grouss a kleng virgesinn. Esou kënnt dir ënner anerem beim Atelier "Pimp my Sneakers" laanscht kommen oder vun engem vun de Concerte profitéieren. Natierlech ass och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. 

Samschdes de 16. Mee geet et moies um 10.00 Auer lass, an de Wirtspesch wäert och op dësem Dag fäerdeg besprayt ginn. Dir kënnt hei awer och vun eisem flotte Repair Café oder vum Fairtrade Brunch profitéieren. Mellt Iech w.e.g. just fir de Fairtrade Brunch bis 07.05.2026 un, dëst iwwer d'Email Adress: communication@kopstal.lu.

Programme