20.06.25
Kommunikatioun un d'Bierger - Service des eaux
Waasser Ressourcë schounen
D’Gemeng Koplescht rifft all d’Awunner dozou op, an de kommende Woche besonnesch spuersam an zeréckhalend mam Drénkwaasser ëmzegoen.
Eis reservéiert Kapazitéiten erreechen hir Limitt, dowéinst wiere mir dankbar, wann d’Awunner drop verzichte géifen hir Gäert ze wässeren, Piscinen ze fëllen oder Autoen ze wäschen.
- Vermeit de Wues mat Drénkwaasser ze nätzen. D’Wiss gëtt mat dem nächste Reen nees gréng.
- Planzen a Blummen moies fréi oder no Sonnenënnergang nätzen. Beschtefalls Reewaasser fir d’Bewässerung notzen.
- Den Auto an enger Wäschanlag wäschen. D’Wäschanlage benotzen zoue Waasser-kreesser a verwäerte d’Waasser méi dacks.
- Léiwer ëffentlech Schwämme benotzen wéi privater. Wa vill Stéit gläichzäiteg hir Schwämme fëllen, kann dëst séier zu der Iwwerschreidung vun de Limitte féieren.
- Eng kuerz Dusch amplaz vun enger Bidden huelen. D’Waasser zoudréie während dem aseefen.
- D’Wäschmaschinn an d’Spullmaschinn just lafe loossen wa se voll sinn.
Méi liesen
alles gesinn
11.11.25
Actualités
Biergeréierung · Opruff fir Kandidaturen
03.11.25
Actualités
Biergerëmfro - Plan de développement communal (PDC)
06.10.25
Actualités
Spillplazen am Wandel – Neies aus Koplescht & Briddel
01.10.25
Actualités
Convocation Conseil Communal
28.07.25
Actualités
Summerëffnungszäiten vun der Conciergerie
10.07.25
Actualités
Schoulsak-Aktioun 2025
01.07.25
Actualités
Schoulfräi um Briddel den 2. Juli Nomëttes
25.06.25
Actualités
Héije Waasserverbrauch vum Drénkwaasser
10.06.25
Actualités
Coupe scolaire 2025
14.05.25
Actualités
Informatioun zu Zäitplang-Ännerungen RGTR
Affiche de 1 à 10 sur 20 éléments