Skip to main content

Conciergerie

Ären exklusive Kontakt fir sëlleg Servicer

Servicer

D'Conciergerie vun der Gemeng Koplescht ass Ären exklusive Kontakt fir eng larg Rei u Servicer, ee Post Kiosk abegraff. Ënnestoend fannt Dir eng primär Lëscht vun de proposéierte Servicer:

Servicer vun der Conciergerie

  • Botzerei a Retuschen
  • Schouster
  • Versuergung vun Autoen (Pneue wiesselen, contrôle technique,...)
  • Autowäsch
  • Parfümerie (Bestellung a Liwwerung)
  • Blummen (Bestellung a Liwwerung)
  • Billjeeën (Fräizäitaktivitéiten)
  • Buttek (Kaddoen)

Kiosk Post

  • Courrier (Enveloppen, Timberen,…)
  • Verschécke vu Bréiwer a Päck
  • Drock vun Timberen
  • Ofhuele vu Päck a Recommandéen

Wéi kann een ee Service bei der Conciergerie bestellen? 

  1. Kontakt mat der Conciergerie ophuelen (sur place, per Telefon oder per email). Service ufroen an Är Kontaktdaten hannerloossen.
  2. An d’Conciergerie goen fir de Service am Viraus mat der Kaart ze bezuelen.
  3. D’Conciergerie confirméiert d’Demande a mellt sech zeréck fir d’Datumer ze validéieren vun de Servicer wou ee RDV muss ugefrot ginn, z.b.: Contrôle technique, Pneue wiesselen, etc. D’Kleeder a Schong kann een direkt an der Conciergerie ofginn.

Präislëscht

Kontakt

Conciergerie

76, rue de Luxembourg 8140 Bridel

conciergerie@kopstal.lu

27 327 327

Auerzäiten

Méindes bis freides

13h00 - 19h00