Sportskoordinatorin
Missiounen vun der Sportskoordinatorin
D’Sportskoordinatorin ass responsabel fir folgend Tâchen:
- Opstellung vun engem Iwwerbléck iwwer déi lokal Sportakteuren an den aktiven Ausbau vun der Vernetzung tëscht Veräiner, Schoulen a Servicer
- Kontaktpersoun fir Froen am Beräich Sport a kierperlech Aktivitéit
- Analyse vun de Bedierfnesser an Entwécklung vu passenden Aktivitéiten a Programmer
- Promotioun vun de sportlechen Offeren an Animatioun vun der Bevëlkerung
- Analysen an Optimiséierung vun der Notzung vun de Sportinfrastrukturen an Trainingsflächen
- Matwierken un der strategescher Planung vun zukünftegen Infrastrukturprojeten
- Ausaarbechtung an Ëmsetzung vum kommunalen Aktiounsplang am Beräich Sport
- Koordinatioun vun der Gemengecharte vir kierperlech a sportlech Aktivitéiten
- Representatioun vun der Gemeng op nationale Plattformen a beim Sportsministère / INAPS
Coordinatrice sportive
Lou Gregorius
Coordinatrice sportive