Skip to main content

Modalitéiten & Demarche

Eng zertifizéiert konform Kopie ass en Duplikat wat identesch wéi d'Original ass a wat gestempelt a vun engem assermentéierten Beamten oder Fonctionnaire ënnerschriwwe gëtt. 

Demarche:

Den Demandeur muss sech mam original Dokument beim Populatiounsbüro vun der Gemeng presentéieren. Déi zertifizéiert Kopie gëtt vun engem Beamten oder Fonctionnaire op der Plaz gemaach. 

Biergerzenter

1-3, rue Nicolas Goedert 8133 Bridel

population@kopstal.lu

27 327 222

Auerzäiten

Méindes bis freides

07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00