Legaliséierung vun der Ënnerschrëft
Modalitéiten & Demarche
D'Legaliséierung vun der Ënnerschrëft zertifizéiert d'Echtheet an d'Wouerhaftegkeet vun der Ënnerschrëft, déi op engem Dokument oder engem Akt apposéiert ass. D'Legaliséierung soll zertifizéieren, datt dës Ënnerschrëft authentesch ass an datt se vun der Persoun selwer apposéiert gouf.
Demarche déi gemaach gi muss:
- Sech perséinlech beim Populatiounsbüro vun der Gemeng presentéieren;
- Ee gültegt Identitéitsdokument matbréngen (Identitéitskaart oder Pass)
- Déi entspriechend Dokumenter matbréngen, déi a Präsenz vum Offizéier vum État civil, deen autoriséiert ass fir d'Ënnerschrëften ze legaliséieren, ënnerschriwwe solle ginn.
Dokumenter déi am Viraus ënnerschriwwe goufen, gi refuséiert.
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
