Umeldung vun engem Hond
Umeldung
All Hond muss vun der Persoun, déi fir seng Betreiung zoustänneg ass, beim Populatiounsbüro vun der Gemengeverwaltung deklaréiert ginn. Dës Deklaratioun muss bannent dräi Méint no der Uschafung vum Déier gemaach ginn.
Fir d'Deklaratioun vum Hond braucht Dir:
- De Pass vum Hond oder den Zertifikat vum Veterinär an
- den Zertifikat vun der Haftflichtversécherung
Am Fall vum Doud vum Hond muss eng Kopie vum Veterinärszertifikat, deen den Doud vum Déier beleet, beim Populatiounsbüro agereecht ginn.
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
Gesetzgeebung iwwer Hënn
Järlech Tax fir Hënn
Déi järlech Tax fir Hënn läit bäi 25€ pro Hond.
