Repas sur roues
Liwwerung vu Molzechte fir eeler Leit
Dëse Service suergt deeglech dofir dass eeler Leit oder Leit mat enger physescher oder mentaler Aschränkung, déi sech selwer keng Molzechte méi virbereede kënnen, waarm Molzechte geliwwert kréien. De Präis pro Molzecht kascht aktuell 22 € fir d'Awunner vun der Gemeng Koplescht. D’Bestellunge ginn op Wochenbasis gemaach an op mannst 48 Stonnen am Viraus.
Fir all Bestellung oder zousätzlech Informatioune kënnt Dir de Service per Telefon kontaktéieren.
Um Internetsite kënnt Dir Iech méi Detailer zu dësem Service ukucken:
Telefonsnummer & E-Mail-Adress
Restaurant Weidendall – Service Repas sur roues
T.: 30 74 66
E.: info@weidendall.com
Internetsäit
https://www.weidendall.com/repas-sur-roues