Fleegedéngscht fir doheem - HELP
Presentatioun
HELP bitt eng breet Pallette vun Hëllefen a Fleegedéngschter fir doheem. Dëse Service went sech u jiddereen deen eng Ënnerstëtzung, eng Begleedung an eng Hëllef am Alldag brauch, onofhängeg vum Alter, vum Geschlecht oder vun der Hierkonft. Dës Hëllef kann ofhängeg vun der Situatioun temporär oder permanent sinn.
Servicer
HELP bitt follgend Servicer un:
- informéiert, berot an ënnerstëtzt Iech an alle Situatiounen
- hëlleft a fleegt d'Persounen doheem an / oder an de spezialiséierten Dagesstrukturen, an entlaaschten domadder d'Familljen
- hëlleft bei den Haushaltstâchen a begleet d'Persoune beim Akafen
- koordinéiert d'Servicer fir d'Ënnerstëtzung
- iwwerhëlt d'Gesondheetsfleeg ewéi Injektiounen, Perfusiounen, Fleeg vun der Sonde, Plooschteren, Ausdeele vu Medikamenter, Bluttanalyse, ...
- ënnerstëtzt a fërdert d'Autonomie vun de gefleegte Persounen
Fir Client ze ginn, kënnt Dir HELP per Telefon kontaktéieren oder op den Internetsite kucke goen.
Kontakt
Telefonsnummer
T. : 26 70 26
Internetsäit
https://www.help.lu/fr/nos-services/aides-et-soins-a-domicile
