Sportscoursen
Beschreiwung
All d'Sportscoursë fänken an der Woch vum 23. September 2024 un a gi vu September 2024 bis Juli 2025 (ausser an de Schoulvakanzen). D'Aschreiwungskäschte leie bei 100€ pro Cours d'Joer.
Fun Fitness
Cours gëtt gehale vum Sarah Talebi, agreéiert Sportsmonitrice
Ee Cours deen déi verschidde Beräicher vum Kierper schaffen deet andeems d'Muskele gefuerdert ginn ouni datt se gewalteg Efforten ausübe mussen. Dës Sportaart invitéiert d'Participanten éischter sech Zäit ze huele fir hir Beweegunge richteg ze maachen, am stoen oder am sëtzen.
Pilates
Cours gëtt gehale vum Sarah Talebi, agreéiert Sportsmonitrice
Dës duuss Gymnastik Disziplin kombinéiert déif Ootmung a lues Beweegungen an huet als d'Zil d'Muskelen an d'Haltung ze stäerke fir de Kierper op eng harmonesch Manéier z'entwéckelen.
Zumba
Cours gëtt vun engem zertifizéierte Coach vu Kinside gehalen
Zumba ass eng Fitnessmethod déi aus Kolumbie staamt. Et kombinéiert kierperlech Übungen, Danz a laténgesch Musek, déi all d'Elementer zesummebréngt fir a Form ze bleiwen a Spaass ze hunn.
Bodyshape
Cours gëtt vun engem zertifizéierte Coach vu Kinside gehalen
E ganz ofwiesslungsräichen a spannende Cours. Ideal fir Ausdauer a Muskelopbau mam Effekt vu Kalorien ze verbrennen. D'Zil ass et de Kierper ze stäerken an ze definéieren. D'Übunge gi mat Kierpergewiicht a mat Ekipementer gemaach.
Yoga
Cours gëtt vun engem zertifizéierte Coach vu Kinside gehalen
Yoga ass d'Praxis vun enger Rei vu Posturen an Ootmungsübungen, déi als Zil huet kierperlecht a mental Wuelbefannen opzebauen. Mir fänke mam Hatha Yoga un mat der Méiglechkeet sech a weideren aneren Zorte Yoga z'entwéckelen.
Circuit Training
Cours gëtt vun engem zertifizéierte Coach vu Kinside gehalen
Ensemble de différents exercices de renforcement musculaire et cardio-vasculaire, enchainés sous forme de circuit et alterné avec des périodes de récupération, et visant l’amélioration de la condition physique générale et de la santé.
Fit Boxing
Cours gëtt vun engem zertifizéierte Coach vu Kinside gehalen
Dësen Training ass eng Mëschung tëschent net-kämpferesche Boxbeweegungen a Fitnessübungen, dat alles op Musek. Spaasseg an ideal fir Iech selwer ze stäerken an esou vill Kalorie wéi méiglech ze verbrennen. Zougänglech fir jiddereen, Ufänger an Erfuerener.
Backcare
Cours gëtt vun engem zertifizéierte Coach vu Kinside gehalen
De Cours huet d'Zil un deene verschiddene Réckeproblemer / Péng ze schaffen, déi aus engem aktuell sedentäre Liewensstil entstinn, dëst duerch duuss Muskelverstäerkung, Mobilitéit a Stretchübungen.
Hip-Hop Danzen
Cours gëtt vum Noemie Loisel gehalen · ab dem 15. November 2024
Den Hip-Hop Danz bezitt sech op verschidden Dänz, déi zur Hip-Hop Kultur gehéieren déi zu New York entstanen ass. Den Danz gëtt op rhythmesch populär Musek gemaach an erlaabt et Leit vun all Alter Spaass ze hunn an hir artistesch Säit ze deelen.
Gym Move (Kanner vu 5 bis 12 Joer)
Course gi vun der Associatioun Creativ’n’Move gehalen
Den éveil gymnastique (Kanner vu 5-6 Joer) hëlleft dem Kand seng motoresch Fäegkeeten ze entwéckelen. Et geet drëm dat d'Kand kierperlech, sensoresch, emotional a kognitiv Kapazitéiten a Form vu Spiller a Parcoursen entwéckelt.
D'gymnastique loisirs (Kanner vu 7-9 Joer) erlaabt de Kanner Gymnastik op eng lëschteg awer seriö Manéier ze entdecken andeems se Kopplabunz, Sprangen, asw. léieren. D'Zil ass et kierperlech Liichtegkeet ze entfalen, Koordinatioun z'entwéckelen an e Gefill vu Gläichgewiicht.
D'gymnastique rythmique (10 Joer a méi) ass den Arrangement vum Kierper a Raum, d'Übunge ginn dem Fortschrëtt vun all Persoun ugepasst. Mir schaffe vill mat Choreographie fir d'Notioune vu Raum, Rhythmus an Energie ze kréien.
Fir déi Kanner déi scho Gymnastik praktizéiert hunn, ginn et fortgeschratte Coursen: gym move avancé (dënschdes fir 6-9 Joer an donneschdes fir 10 Joer a méi)
Dance Move (Kanner vun 3 bis 12 Joer)
Course gi vun der Associatioun Creativ’n’Move gehalen
Baby Move (Kanner vun 3-4 Joer) ass ee Cours deen et de Kanner erlaabt de kierperlechen Ausdrock duerch Danz, Rhythmus a Musel ze entdecken.
Danse Move (Kanner vu 7-9 Joer) ass eng Aféierung an d'Danze wou déi klassesch Basics bäibruecht ginn, mee wou och scho Choreographien an Improvisatiounen, déi méi no um modernen Danz sinn, geléiert ginn.
Danse move (10 Joer a méi) besteet dodran ze léieren op de Rhythmus ze danzen an dobäi d'Freed un de Mouvementer ze fannen.
Aschreiwung
Fëllt w.e.g. den Online-Formulaire hei ënnen aus, Dir kritt dann eng schrëftlech Bestätegung vun eis.
Dir hutt och d'Méiglechkeet de Formulaire am .pdf Format ënnen op dëser Säit erofzelueden, auszefëllen an zeréckzeschécken.
Flyer & Aschreiwungsformulaire · Sportscoursen 2024-2025
Testphas, Annulatioun & Facturatioun
Testphas & Annulatioun
Déi dräi éischt Woche vun de Coursen, also vum 23. September bis den 11. Oktober, hunn als Testphas gegollt. Déi ageschriwwe Persounen haten d'Recht hir Aschreiwung no dëser Phas ze annuléieren, wann hinnen de Cours net gefal huet a si net méi deelhuele wollten. Dee Moment ass dann keng Rechnung verschéckt ginn, ënnert der Konditioun datt si hir Annulatioun un d'Gemengeservice bannent 10 Deeg nom Enn vun der Testphas erageschéckt hunn.
Facturatioun
D'Umeldunge sinn no der Testphas als definitiv ugesinn an d'Rechnunge mat den Aschreiwungskäschte si per Post verschéckt ginn. D’Aschreiwungskäschten, déi esou acquittéiert sinn, gi weder ganz, nach deelweis rembourséiert, ausser duerch Decisioun vum Schäfferot op Basis vun enger begrënnter schrëftlecher Demande.
Reglement iwwert d’Coursen, déi vun der Gemeng organiséiert ginn
Kontakt
Kommunikatioun & relations publiques
Auerzäiten
Méindes bis freides
08h00 - 12h00 et 13h00 - 16h00
