Ateliers de Kopstal
Beschreiwung
D'Hierscht-Wanter Editioun vun den Ateliers de Kopstal fënnt wärend dem 1. Semester vum Schouljoer 2024-2025 statt a start an der Woch vum 23. September 2024 (ausser an de Schoulvakanzen). D'Aschreiwungskäschte leie bei 100€ pro Cours (50€ fir de Cours a 50€ fir d'Material).
Bitzen
Cours gëtt gehale vum Mireille Petit (fmpetit@yahoo.fr · T. 621 620 715)
D'Mireille Petit proposéiert ee Bitzcours fir all Niveau. Flott Projeten erwaarden Iech do an um Enn vum Joer gëtt eng kleng Modeshow organiséiert fir de Schüler hir Kreatiounen ze presentéieren!
Material fir matzebréngen: Bitzmaschinn, Bläistëft, Schéier (Pabeier a Stoff), 1 Moossband, 1 Ruban, Kräidstëft, Këscht mat Bitznolen a Schablounepabeier. Wat d'Material fir déi konkret Projete betrëfft (Stoffer a Modeller), wäert d'Mireille Petit d'Schüler kontaktéieren. Wann Dir Froen hutt, kënnt Dir d'Mireille Petit per E-Mail oder Telefon kontaktéieren.
- Cours (1 Semester): all Méinden & Mëttwoch (23.09.2024 - 12.02.2025)
- Auerzäiten: 18:30 - 21:30
- Plaz: Märei zu Koplescht · 3. Stack
- Sprooch: franséisch
Intuitiivt Molen
Cours gëtt gehale vum Paula Szpinda (pa.szpinda@gmail.com · T. 661 999 517)
D'Intuitiv Molerei bréngt dat kreatiivt Potenzial dat a jidderengem vun eis stécht, eraus. Et ass e Prozess fir senger eegener Intuitioun nozegoen, an deem de Participant sech selwer a seng artistesch Säit kenneléiert. Duerch intuitiv Molerei ginn Emotioune fräigelooss, wat zur Entspanung féiert. Wärend all Cours entdeckt de Participant verschidden Zeechen- a Moltechniken a wäert eng Serie vun Zeechnunge maache fir dono och een Tableau mat heem ze huelen.
De Cours gëtt vum Paula Szpinda, Molerin, Fuerscherin a Konschtpädagogin, gehalen. Si huet hire Master of Fine Arts mat Spezialisatioun an der Molerei vun der Academy of Fine Arts zu Wroclaw, Polen, am Joer 2014 ofgeschloss.
- Cours (5 Seancen): Freides 27.09.24 · 25.10.24 · 29.11. 24 · 20.12.24 · 24.01.25
- Auerzäiten: 18:30 - 20:30
- Plaz: Märei zu Koplescht · 3. Stack
- Sprooch: franséisch
Heekelen
Cours gëtt gehale vum Cristina Garcia (pldgarcia@aol.com · T. 621 575 453)
Maacht bei eis mat fir e Semester vu grousser Inspiratioun am Heekelen. Wärend einfache Sessioune kënnt Dir Är Heekelkompetenzen entwéckelen, déi Iech hëllefen Är eegen Iddien ëmzesetzen.
- Cours fir Erwuessener (1 Semester): all Dënschden (24.09.2024 - 11.02.2025)
- Auerzäite fir de Cours fir Erwuessener: 18:30 - 20:30
- Cours fir Jonker (1 Semester): all Méindeg (23.09.2024 - 10.02.2025)
- Auerzäite fir de Cours fir Jonker: 16:00 - 18:00
- Plaz: Märei zu Koplescht · 3. Stack
- Sprooch: franséisch an däitsch
Floristik
Cours gëtt gehale vun der Ekipp vun der Grange fleurie (lousafu@hotmail.com · T. 26 10 21 20)
Hutt Dir Loscht op ee kreativen Atelier am Blummenberäich? D'Sandra an d'Conny vun der Grange Fleurie bidden Iech faszinéierend Projeten ronderëm Blummen, saisonal Dekoratioun a vill aner Projeten un.
Material fir matzebréngen: Secateur, Schéier a Messer. Wann zousätzlecht Material gebraucht gëtt, informéiere si d'Participanten am Viraus.
- Cours (5 Seancen): donneschdes 26.09.24 · 24.10.24 · 28.11.24 · 12.12.24 · 23.01.25
- Auerzäiten: 18:30 - 20:30
- Plaz: Märei zu Koplescht · 3. Stack
- Sprooch: lëtzebuergesch mat der Méiglechkeet Erklärungen op franséisch ze kréien
Kräizstéch
Cours gëtt gehale vum Cristina Garcia (pldgarcia@aol.com · T. 621 575 453)
Wärend dësem Cours léiert Dir wéi de Kräizstéch funktionéiert. An e puer Seance léiert Dir ee vun de beléiftsten a schéinste Stéch an der Broderie kënnen! Maacht mat a realiséiert ee flotte Projet fir Chrëschtdag an dësem Cours!
- Cours (8 Seancen) : donneschdes & freides 07.11.24 · 08.11.24 · 14.11.24 · 15.11.24 · 21.11.24 · 22.11.24 · 05.12.24 · 06.12.24
- Auerzäiten: 18:30 - 20:30
- Plaz: Märei zu Koplescht · 3. Stack
- Sprooch: franséisch an däitsch
Aschreiwung
Fëllt w.e.g. den Online-Formulaire hei ënnen aus, Dir kritt dann eng schrëftlech Bestätegung vun eis.
Dir hutt och d'Méiglechkeet de Formulaire am .pdf Format ënnen op dëser Säit erofzelueden, auszefëllen an zeréckzeschécken.
Flyer & Aschreiwungsformulaire · Ateliers de Kopstal S1 2024-2025
Reglement iwwert d’Coursen, déi vun der Gemeng organiséiert ginn
Kontakt
Kommunikatioun & relations publiques
Auerzäiten
Méindes bis freides
08h00 - 12h00 et 13h00 - 16h00
