Skip to main content
16.06.25

Porte-ouverte um Schaufeld "Wëllplanzesom Lëtzebuerg"

  • Rue des champs, Kopstal
  • 16h00-19h00

Informatiounen

Fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen a Blummewisen unzeleeë solle qualitativ héichwäerteg Geseemsmëschunge mat Wëllplanzen aus Lëtzebuerg benotzt ginn. Den Naturschutzsyndikat SICONA an den ‚natur musée’ hunn dofir virun e puer Joer mat Lëtzebuerger Baueren an enger Rei Partner eng Geseemsproduktioun vu Wëllplanzen lancéiert. Um nei ugeluechte Schaufeld zu Koplescht kritt Dir en Abléck an déi verschidden LUX-Mëschunge fir de Siidlungsberäich a landwirtschaftlech Notzflächen. Mir beroden Iech gär wéi och Dir domat eng schéi Blummewiss kënnt uleeën. Donieft erkläre mir Iech den Oflaf vun der Produktioun vum Wëllplanzegeseems an de Wëllstauden. Méi Informatiounen op: wellplanzen.lu.

Dir braucht dem Wieder ugepasste Gezei a fest Schong. Sprooch: Lëtzebuergesch

Umeldung: administration@sicona.lu / 26 30 36 25