Skip to main content
05.02.26

Route barrée - Rue François-Christian Gerden

Informatiounen

D'rue François Christian Gerden ass ab Dënschdes, den 10.02.2026 bis Dezember 2026 tëschent der Entrée vum Tennis an der Maison Relais wéinst diversen Aarbechte gespaart : Erneierung vum Ofwaasser- a Drénkwaasserreseau, neit Reewaasser-Entwässerungssystem, Installatioun vun engem kommunale Stroumnetz an neie Stroossebelag mat ëmweltfrëndleche Pavé. De Parking bei der neier Sportshal wäert an där Zäit zou sinn. Allgemeng behalen d'Residenten Accès.

Merci fir Äert Versteesdemech.