Wat ass de Logementspakt?
De Logementspakt ass en Ënnerstëtzungsinstrument vum Lëtzebuerger Staat fir d'Gemengen, dat d'Schafe vun nohaltege, qualitativen a virun allem bezuelbare Wunnräim fërdert. Fir dëst Haaptzil z'erreechen, mussen d'Gemengen, an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Staat, net nëmmen hir Offer u bezuelbare Wunnengen an der Gemeng ausbauen, mee och dat besteeënd Potenzial a punkto Terrain a Wunnraum mobiliséieren an d'Liewensqualitéit an de Wunnraum aktiv verbesseren.
Als dynameschen Acteur an der Gemengenentwécklung huet d’Gemeng Koplescht ëmmer eng nohalteg territorial Entwécklungsstrategie verfollegt an am Kader vu ville kommunale Projeten ëmgesat. D’Schafe vu bezuelbarem Wunnraum ass eng vun den aktuellen Haapterausfuerderungen zu Lëtzebuerg an an der Gemeng. D’Schafe vu bezuelbare Wunnengen ass eng Prioritéit fir eis. Fir méiglechst ville Kopleschter Awunner den Zougang zu bezuelbarem Wunnraum ze erméiglechen, huet d’Gemeng decidéiert un der zweeter Fërderperiod vum Logementspakt deelzehuelen.
Wéi gëtt de Logementspakt ëmgesat?
De Logementspakt gëtt an zwou Phasen ëmgesat - an der éischter Phase, déi maximal zwee Joer dauert, ass et d'Zil, an Zesummenaarbecht mat engem Conseiller de Logement eng Strategie fir d'Fërderung vu bezuelbarem Logement ze entwéckelen - de "Programme d’action local logement" (PAL).
De PAL besteet aus enger kompletter Analys vun der aktueller Situatioun, suivéiert vun der Definitioun vu strategeschen Aktiounsfelder. Dës definéieren d'Approche vun der Gemeng an déngen als Leedungsprinzip fir all zukünfteg kommunal Decisioune betreffend bezuelbare Wunnengen.
An der zweeter Phase, déi bis 2032 dauert, ginn d’Ziler an d’Aktiounsfelder, déi am PAL definéiert sinn, mat Hëllef vu konkrete Projeten ëmgesat. Et ka sech zum Beispill ëm de Bau vu Wunnengen handelen, mee och Projeten, déi d’Liewensqualitéit an der Gemeng verbesseren, wéi zum Beispill d’Renovatioun vun de Spillplazen. Zousätzlech mussen Informatiouns-, Sensibiliséierungs- a Promotiounskonzepter fir d'Biergerbedeelegung initiéiert an ëmgesat ginn. Déi vun der Gemeng ausgewielte Projete gi vum Lëtzebuerger Staat matfinanzéiert.
Wat ass ee "conseiller logement"?
Ee conseiller logement ass e professionelle Beroder, deen der Gemeng zur Verfügung gestallt gëtt. Hien/si muss d’Administratioun an d’Politik bei der Entwécklung vun hirer Gemengestrategie fir d’Fërderung vu bezuelbare Wunnengen an bei der Ëmsetzung vu Projeten ënnerstëtzen.
Zënter 2021 assuréiert de Büro WW+ vun Esch-Uelzecht d'Roll vum Logementsberoder an der Gemeng.
Déi éischt Phas vum Logementspakt
An der éischter Phas huet d’Gemeng de lokale Logementaktiounsprogramm mat der Ënnerstëtzung vum Logementsberoder entwéckelt, dat an engem Dialogprozess a mat Hëllef vu sëllege Workshoppe mat der Verwaltung a mat de Politiker.
Ausserdeem war et besonnesch wichteg fir d'Gemeng, d'Bierger an der Entwécklung vum PAL matwierken ze loossen. Dofir gouf am Fréijoer 2023 eng intensiv Biergerbedeelegung (en présentiel an online) organiséiert. D'Resultater vun dëser Participatioun ware fir d'Gemeng an de Logementsberoder bei der Entwécklung vum PAL wäertvollt Material zur Reflexioun. No dësem intensiven Entwécklungsprozess ass den nächste Schrëtt, datt de PAL offiziell vum Kopleschter Gemengerot ugeholl gëtt.
Déi zweet Phas vum Logementspakt
Mam offiziellen Accord vum Gemengerot am Dezember 2023 iwwert de PAL, huet d’Gemeng Koplescht déi éischt Phas vum Logementspakt erfollegräich ofgeschloss.
Déi zweet Phas vum Logementspakt gouf den 29. Februar 2024 mat der Ënnerschrëft vun der "Convention Mise en OEuvre" lancéiert.
