Koplescht, eng Fairtrade Gemeng
Eis Gemeng ass zënter 2022 als „Fairtrade Gemeng“ zertifizéiert a gouf elo fir d’Joren 2024 an 2025 erfollegräich rezertifizéiert. Dës Auszeechnung ass d’Resultat vun eisem Engagement fir de fairen Handel, eng Initiativ déi d’Produzenten an d’Aarbechter an den Entwécklungslänner direkt ënnerstëtzt andeems se hinnen déi néideg Liewens- an Aarbechtskonditioune garantéiert.
Eng national Tendenz an déi richteg Richtung
Dës Aktualitéit passt an en nationale Kontext wou den Interessi fir de fairen Handel ëmmer méi grouss gëtt. D’ONG Fairtrade Lëtzebuerg huet am Juli 2024 matgedeelt datt d’Ausgabe fir Produiten aus dem fairen Handel tëscht 2022 an 2023 ëm 19 € pro Persoun geklomme sinn. Deemno ginn d’Lëtzebuerger am Duerchschnëtt 79 € pro Kapp fir Produiten aus dem Fairen Handel aus. Dës Tendenz weist drop hin dass den Engagement vun der Bevëlkerung wiisst a sech fir ee verantwortlechen a solidaresche Konsum asetzt.
Firwat soll een de fairen Handel ënnerstëtzen?
De fairen Handel baséiert op enger Philosophie vun der sozialer a wirtschaftlecher Gerechtegkeet. D’Zil ass et fir déi global Ongläichheeten ze reduzéieren, eng gerecht Remuneratioun fir d’Produzenten ze garantéieren a sech fir eng nohalteg Produktioun anzesetzen. Mir droen zu enger méi gerechter a solidarescher Welt bäi andeems mir eis fir Produiten entscheeden déi de Fairtrade Label droen.
Krittäre fir d’Zertifizéierung
Fir dës Zertifizéierung ze kréien an z’erhalen, hu mir fënnef wichteg Krittären erfëllt.
- Fairtrade Aktiounsgrupp: D’Aarbechtsgrupp pilotéiert a koordinéiert d’Fairtrade Aktivitéiten an eiser Gemeng. Si suergt och dofir datt nei lokal Acteuren, ewéi Geschäfter oder lokal Veräiner, sech dëser Initiativ uschléissen. Am Moment zielt den Aktiounsgrupp 12 Memberen déi sech aus Leit vun der Gemeng, lokale Clibb a Geschäftsleit zesummesetzt.
- Fairtrade Politik an der Gemeng: De Gemengerot huet eng „Fairtrade Gemeng“ Resolutioun ugeholl an engagéiert sech fir Produiten aus dem fairen Handel anzekafen. Dat ganzt Gemengepersonal ass iwwert d’Auswierkunge vum fairen Handel informéiert a sensibiliséiert ginn.
- Sensibiliséierung a Visibilitéit an de kommunale Medien: All Joer organiséiere mir mindestens eng ëffentlech Sensibiliséierungsaktioun an informéieren d’Awunner iwwert de fairen Handel. An deem Kontext hu mir dëst Joer eng Ouschtereeërsich organiséiert an ee Fairtrade Ouschterbrunch.
- Educatioun a Participatioun vun de lokalen Acteuren: Eis Schoul, d’Maison Relais an aner kommunal Strukture sinn aktiv involvéiert. Pedagogesch Aktiounen ewéi Workshoppen an der Schoul ginn an Zesummenaarbecht mat der ONG Fairtrade Lëtzebuerg organiséiert fir déi jonk Generatiounen ze sensibiliséieren.
- Fairtrade Produiten an der Gemeng: Lokal Geschäfter, dorënner Restauranten a Caféen, ginn encouragéiert fir Produiten aus dem fairen Handel unzebidden.
D’Zukunft vum fairen Handel
Als Gemeng wäerte mir eis weiderhin engagéiere fir de fairen Handel ze fërderen:
- Produiten aus dem fairen Handel akafen,
- D’Awunner iwwer d’Prinzippie vum fairen Handel informéieren a sensibiliséieren,
- Mat eise lokale Geschäfter a Veräiner zesumme schaffen a si dozou encouragéiere fir weiderhi Produiten aus dem fairen Handel unzebidden.
Méi Informatiounen: www.fairtrade.lu
