Skip to main content

Modalitéiten

D'Bierger, déi d'Nationalitéit vun engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun hunn, sou wéi d'Bierger vun engem assimiléierte Land (Norwegen, Island, Liechtenstein a Schwäiz), déi zu Lëtzebuerg wunnen a wëlles hu méi laang wéi dräi Méint ze bleiwen, musse sech bannent den 3 Méint no der Arrivée un de Populatiounsbüro wende fir eng Demande fir eng "attestation d'enregistrement" ze maachen. 

Familljemembere vun engem Bierger vun der Europäescher Unioun (oder assimiléierte Länner), déi awer selwer aus Drëttlänner kommen, mussen eng Demande fir eng Openthaltskaart als Familljemember vun engem Bierger vun der Unioun maachen. 

Néideg Dokumenter

  • ee gültegt Identitéitsdokument 

Zousätzlech Dokumenter jee no follgende Fäll:

fir Salariéen:

  • d'Original vum Aarbechtskontrakt (datéiert an ënnerschriwwe vu béide Parteien) oder e Versprieche fir eng Ustellung, datéiert an ënnerschriwwe vum zukünftege Patron.

fir selbstänneg Aarbechter, ee vun dësen Dokumenter:

  • eng zertifizéiert Kopie vun der "autorisation d'établissement" fir den Handel,
  • eng zertifizéiert Kopie vum Bréif vum Ministère des Classes Moyennes, dee bestätegt, datt eng "autorisation d'établissement" net erfuerderlech ass fir déi betraffen Aktivitéit,
  • eng zertifizéiert Kopie vun der Autorisatioun fir ze praktizéieren (Dokter, Physiotherapeut, asw.),
  • d'Aschreiwung am Barreau (Affekoten, Architekten, etc.),
  • e Kontrakt fir Déngschtleeschtungen. 

fir Studenten:

  • Aschreiwung an engem unerkannten ëffentlechen oder privaten Educatiounsinstitut zu Lëtzebuerg, mam Haaptzil, Studien oder eng berufflech Formatioun ze suivéieren;

fir Inaktiver:

  • Beweis vu genuch Ressourcen aus enger Alterspensioun oder enger Rent,
  • Krankeversécherung déi am Grand-Duché valabel ass

fir Familljememberen, déi Staatsbierger vun der EU sinn:

  • eng Kopie vun der "attestation d’enregistrement" vum Bierger vun der Unioun oder engem assimiléierte Land, deen de Familljemember ophëllt, 
  • en Extrait vum "acte de mariage" oder en Zertifkat vun der registréierter Partnerschaft,
  • wann et sech ëm een Nokommen handelt: eng konform Kopie vum acte de naissance,
  • wann et sech ëm een Ascendant handelt: eng Deklaratioun vun der prise en charge maachen (kontaktéiert heifir wgl. de Biergerzenter).

Noutwennegt Format fir d'Dokumenter:

Original oder zertifizéiert Kopie déi manner wéi 6 Méint al ass. Fotoe vun den Dokumenter ginn net akzeptéiert. All Dokument, wat an enger anerer Sprooch wéi Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwen ass, muss vun engem vereedegten Dolmetscher iwwersat ginn.

Biergerzenter

1-3, rue Nicolas Goedert 8133 Bridel

population@kopstal.lu

27 327 222

Auerzäiten

Méindes bis freides

07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00