Skip to main content

Presentatioun

D‘Assocation des parents d’élèves, kuerz APE genannt, ass 1999 gegrënnt ginn. Mir sinn eng Elterevereenegung a setzen eis säitdeem konsequent fir d’Interessie vun den Elteren a Schüler vun der Briddeler Grondschoul an. 

An enker Zesummenaarbecht mam Léierpersonal mee och mat der Gemeng, bedeelege mir eis aktiv un all den Aktivitéiten déi d’Entwécklung vun eise Kanner fërdere sollen. Zousätzlech hu mir ëmmer een oppent Ouer fir Doleance ronderëm de Schoulcampus oder bei anere Froen, wéi z.B. fir nei Residenten déi de Schoulsystem nach net kennen. 

Dëst ass natierlech just méiglech, dank enger laanger Traditioun vu gudder Zesummenaarbecht a frëndschaftlechem a konstruktivem Dialog, sief et mam Léierpersonal, der Maison Relais, der Maison des Jeunes oder der Gemeng. Mir sinn awer och houfreg duerch déi gutt Zesummenaarbecht de Kanner vun der Briddeler Grondschoul eng ganz Rei Aktivitéite wärend dem ganze Schouljoer ubidden ze kennen. 

D’Elterevereenegung ass eng Vereenegung, déi haaptsächlech aus Eltere besteet déi sech benevole engagéieren, ënnert anerem awer och vu Cotisatiounen, Memberskaarten, Donen a vum Benefice vun den Eventer lieft.

Evenementer

Aktuell Evenementer

  • Kannerfuesbal 
  • Chrëschtmaart 
  • Schoulfest 
  • Boum Cycle 4.2 am Jugendhaus 

Zukünfteg Evenementer

  • Sprangschlass Festival 
  • Kloterparcours & Vëlosparcours 
  • Floumaart & Tauschmaart

Membere vum Comité

  • M. Ronny KETTMANN, President
  • Mme. Géraldine WELKENBACH, Sekretärin
  • M. Thierry WIWINIUS, Tresorier
  • M. Jean Claude BOREIKO
  • M. Georges CLEES
  • Mme. Jackie LAUX
  • Mme. Betty CRAVATTE
  • Mme. Sophie ROSSY

Kontakt

Wann dir gäre Member gitt oder weider Froen hutt, kennt dir Iech gären op follgender Adress mellen:

apekopstalbridel@gmail.com