Skip to main content

Missioun

D’Schülerparlament besteet aus Klassevertrieder, déi sech ënner der Leedung vun der Madamm Xenia PEIFFER an dem Monsieur Kevin WOLMERING versammelen, fir aktuell Problemer am Zesummenhang mat der Schoul ze beschwätzen. 

D’Theme si villfälteg a kënne sech op d’Pausen, d’Optimiséierung vun de Coursen oder méi allgemeng Themen (z. B. Schoulreegelen, Benotze vum Sportsterrain, Völkerball-WM…) bezéien.

D’Iddi besteet doran, de verschiddene Klassen hir Virschléi entgéintzehuelen an ze probéieren, Léisungen auszeschaffen.