Intersetsäit fir Senioren - luxsenior.lu
Presentatioun
D'Internetsäit www.luxsenior.lu vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun bitt Iech interessant Informatiounen a follgende Beräicher:
- Fräizäitaktivitéite fir Senioren
- Gesondheetsrotschléi
- Liewenslaang Léieren
- Sécherheetsrotschléi
- Gerontologie a Geriatrie
Am Adressbuch vun der Internetsäit fënnt ee praktesch Informatiounen iwwert d'Institutiounen a Veräiner fir Senioren.
Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech de Guide pratique fir Senioren online unzekucken. Hei fannt Dir eng nëtzlech Sammlung un Informatiounen iwwert d'Entwécklungen am Beräich vun den Hëllefs- a Fleegeofferen, der Bildung an der Fräizäitaktivitéiten.
