Skip to main content

Presentatioun

Den "Telealarm" ass een externen Assistenz- an Uruffservice, deen et Iech erlaabt am Noutfall een Noutruff auszeléisen. Dëse Service funktionéiert 24 op 24 Stonnen an dat all Dag vum Joer.


De Service Sécher Doheem stellt senge Cliente seng grouss Erfarung an innovativ Technologien zur Verfügung, fir eng optimal an zouverlässeg Sécherheet ze bidden, an esou d'Liewen am eegenen Doheem kënne weiderzeféieren.


Ob doheem oder dobaussen, Sécher Doheem garantéiert Iech eng besser Qualitéit vum Alldag, a voller Sécherheet an Onofhängegkeet. Déi spezifesch an individuell Bedierfnesser vun all Client sinn am Mëttelpunkt vun hire Bedenken. Hir spezialiséiert Ekipp vun Techniker an Evaluateure mécht et méiglech eng moossgeschneiderte Léisung fir a mat hire Clienten ze fannen. Déi entspriechend Geräter gi vun hirem eegene Personal agestallt a reegelméisseg ënnerhalen.

Depliant - Telealarm Service

Kontakt