Finanziell Hëllef fir de rationelle Verbrauch vun Energie
Bénéficiairen
D'Subventioune gi Privatpersounen accordéiert, déi d'Investitioune realiséiert hunn déi de Punkten 1 bis 3 am Tableau (am Formulaire ënnen) entspriechen, dëst an engem Gebai dat fir Wunnzwecker oder fir gemëschten Zwecker benotzt gëtt an um Territoire vun der Gemeng Koplescht steet.
D'Subventioune fir d'Uschafungen, déi beim Punkt 4 (am Formulaire ënnen) ernimmt sinn, gi Privatpersounen accordéiert, déi hire Wunnsëtz um Territoire vun der Gemeng Koplescht hunn.
Beträg
Fir d'Subventiounen, déi an de Punkten 1 bis 3 vun der Tabell opgezielt sinn, gëtt de Betrag vum Subsid vun der Gemeng op Basis vum Subsid, deen de Staat accordéiert huet, berechent. Dëst andeems, ofhängeg vun der Kategorie vum Projet, d'Staatshëllefe mam Taux an der Kolonn 4 vun der Tabell multiplizéiert ginn.
De Montant vum Subsid vun der Gemeng däerf net de Plaffong iwwerschreiden, deen an der Kolonn 5 vun der Tabell uginn ass.
Konditiounen & Modalitéiten
All d'Subventiounen ënnerleien Accord vun enger finanzieller Hëllef vum Staat, wéi et am geännerte Reglement grand-ducal vum 12. Dezember 2012 iwwert d'Opstellung vun engem Hëllefsprogramm fir d'Fërderung vum rationalen Energieverbrauch an d'Valorisatioun vun erneierbaren Energien am Wunnberäich virgesinn ass. Een Zertifikat, deen den Accord vun dëser Staatshëllef bestätegt, muss bei der Demande mat agereecht ginn. D'Ufro fir de Subsid muss bannent 3 Méint no der Ausstellung vum Dokument, dat de Montant vun der Subventioun vum Staat bestätegt, agereecht ginn.
All Ufro muss mat den néidegen a gefroten Dokumenter mat Hëllef vum Formulaire (hei drënner) eragereecht ginn.
D'finanziell Hëllefe gi vum Schäfferot validéiert an zougewisen.
De Montant vum accordéierte Subsid kann ënner kengen Ëmstänn d'Ausgabe vum Demandeur, minus de Betrag vun der Subventioun vum Staat, iwwerschreiden.
Restitutioun
D'Subside kënnen zeréckgeholl ginn, wann se als Resultat vu falschen Deklaratiounen oder onprezisen Informatiounen accordéiert gi sinn.
Kontroll
Mam Erareeche vun der Demande, autoriséiert den Demandeur de Vertrieder vun der Gemengeverwaltung, déi néideg Kontrollen ze maachen. D’Gemengeverwaltung behält sech d’Recht fir all zousätzlech Dokumenter unzefroen, déi si fir néideg hält fir d’Konformitéit vun de Konditioune fir den Accord vun der finanzieller Hëllef ze iwwerpréiwen.
Fir eng Demande fir de Subsid anzereechen, fëllt wgl. den Online-Formulaire hei drënner aus, oder luet de Formulaire am .pdf Format erof a schéckt en ausgefëllt per E-Mail op facturation@kopstal.lu oder per Post un Administration communale de Kopstal · 28, rue de Saeul · 8189 Kopstal
Formulaire am .pdf Format eroflueden
Liewenskäschtegeld
Déi betraffe Persounen, déi an der Gemeng wunnen, an déi Liewenskäschtegeld an/oder den Energiebonus vum Fonds National de Solidarité accordéiert kréien, kënnen eng Demande bei der Gemeng areeche fir een Zousaz zu dëse Primmen unzefroen. Dësen Zousaz beleeft sech op 50% vum Liewenskäschtegeld an op 100% vum Energiebonus déi vum FNS accordéiert gi sinn. Fir Persounen, déi wärend deem betraffene Joer an oder aus der Gemeng plënneren, gëtt eng Proportioun fir all volle Mount gerechent deen déi betraffe Persounen an der Gemeng gewunnt hunn.
All Demande fir d’Primm muss vun engem Dokument hannerluecht ginn, dat beweist datt de Fonds National de Solidarité d’Primm fir d’at betraffent Joer accordéiert huet.
Fir d'Liewenskäschtegeld an/oder den Energiebonus fir 2024 unzefroen, fëllt wgl. bis den 3. Januar 2025 den Online-Formulaire hei drënner aus, oder luet de Formulaire am .pdf Format erof a schéckt en ausgefëllt mat den néidegen Dokumenter per E-Mail op facturation@kopstal.lu oder per Post un Administration communale de Kopstal · 28, rue de Saeul · 8189 Kopstal.
Formulaire am .pdf Format eroflueden
Encouragementsprimm fir Studenten
Schüler a Studenten aus dem Enseignement Secondaire classique, Secondaire général oder an der Beruffsausbildung (mat Ausnam vun Owescoursen) kënnen dëse Formulaire ausfëlle fir ee Bonus fir d'Joer 2024 bei der Gemeng unzefroen.
Konditiounen déi erfëllt muss gi fir e Subsid ze kréien:
De Gemengerot huet decidéiert, Subsiden u Schüler, déi an der Gemeng wunnen, no follgende Bedéngungen ze accordéieren:
- Eng Primm vun 300,00 € gëtt de Schüler um Enn vun hirer obligatorescher Ausbildung ausbezuelt (d'Schoul ass obligatoresch zu Lëtzebuerg bis 16 Joer), wann se dat lescht obligatorescht Schouljoer erfollegräich ofgeschloss hunn (4ème oder gläichwäerteg).
- Eng Primm vu 400,00 € gëtt de Schüler ausbezuelt, nodeems se de ganzen Zyklus vum Secondaire classique, Secondaire général oder der Beruffsausbildung erfollegräich ofgeschloss hunn (Diplôme de fin d'études, DAP, DT oder gläichwäerteg).
- Een Zousaz vun 200,00 € gëtt bezuelt, wann de kompletten Zyklus erfollegräich ofgeschloss ginn ass, ouni ee Joer ze redoubléiert ze hunn.
- Et gëtt keng Primm fir post-secondaire Studien oder fir Formatioune fir Erwuessener bezuelt.
Fir vun dëse Primme kënnen ze profitéieren, fëllt wgl. bis den 30. Oktober 2024 den Online-Formulaire hei drënner aus, oder luet de Formulaire am .pdf Format erof a schéckt en ausgefëllt mat den néidegen Dokumenter per E-Mail op facturation@kopstal.lu oder per Post un Administration communale de Kopstal · 28, rue de Saeul · 8189 Kopstal.
Formulaire am .pdf Format eroflueden
Kontakt
Finanzen & Personalbüro
Auerzäiten
Méindes bis freides
08h00 - 12h00 an 13h00 - 16h00
