Bicherbus
Kalenner
Säit Januar 2022 ass de Bicherbus vun der Nationalbibliothéik zu Koplescht present.
De Bus installéiert sech 1-2 Mol am Mount an der Entrée vum Parking Wirtspech (Mierscher Strooss).
Hei fannt Dir d'Datumer vun den nächste Passage vum Bicherbus:
Donneschdes | 23. Januar 2025 | 10:00 - 10:45 |
Donneschdes | 13. Februar 2025 | 10:00 - 10:45 |
Donneschdes | 6. Mäerz 2025 | 10:00 - 10:45 |
Donneschdes | 27. Mäerz 2025 | 10:00 - 10:45 |
Donneschdes | 17. Abrëll 2025 | 10:00 - 10:45 |
Donneschdes | 8. Mee 2025 | 10:00 - 10:45 |
Donneschdes | 9. Juni 2025 | 10:00 - 10:45 |
Donneschdes | 10. Juli 2025 | 10:00 - 10:45 |
Donneschdes | 31. Juli 2025 | 10:00 - 10:45 |
Acces & Modalitéiten
Fir den Accès zur Bicherbus Kollektioun ze kréien, musst Dir ugemellt sinn.
Fir Iech unzemellen (gratis), kënnt Dir ee vu follgende Formulairen ausfëllen:
Aschreiwungsformuliare: Erwuessener > 14 Joer
Aschreiwungsformulaire: Jonker < 14 Joer
Wann Dir schonn ugemellt sidd, da kënnt Dir Är Dokumenter online iwwer a-z.lu reservéieren. Dobäi musst Dir präziséiere wou Dir Är Dokumenter wëllt ofhuelen an dëst op mannst 5 Schaffdeeg virum Passage vum Bicherbus an der Gemeng. Ee Youtube Kanal mat engem Tutorial kann zu jidderzäit gekuckt ginn fir Iech bei der Reservatioun ze hëllefen.
All Persoun ka bis zu 15 Bicher a 4 Tounopnamen oder DVD’s ausléinen.
Dauer vum Prêt ass op 42 Deeg begrenzt a kann eng Kéier fir déi nämlech Dauer verlängert ginn. D’Verlängerung ass dee Moment net méiglech wann een anere Lecteur eng Reservatioun op den Dokumenter gemaach huet.
Dokumenter déi ausgeléint gi sinn musst Dir net onbedéngt erëm beim Bicherbus ofginn, mee Dir kënnt se iwwert den automateschen Retour deen sech ausserhalb vum Gebai vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg befënnt zeréck ginn.
Dokumenter déi net iwwert den automateschen Retour méiglech sinn, kënnen iwwert eng Retour-Box bei der Haaptentrée vun der Nationalbibliothéik deposéieren. Dës Box ass accessibel vun 8.00 bis 20.00 Auer.
