FLEX Carsharing
Wat ass dat?
FLEX ass d’Carsharing-Léisung fir ganz Lëtzebuerg, mat enger qualitativer Offer u Gefierer a ville Statiounen, déi gréisstendeels un den ëffentlechen Transport ugeschloss sinn.
FLEX ass déi nohalteg Mobilitéitsléisung fir den Alldag.
Statiounen an der Gemeng
- Koplescht: 24, rue de Luxembourg, 8184 Kopstal
- Briddel: 1-3, rue Nicolas Goedert, 8133 Bridel (um Parking virum Biergerzenter)
Fonctionnement
- FLEX App eroflueden an un Hand vun Ärem Führerschäin umellen.
- Wielt ee Gefier an der App eraus, Dir kritt direkt eng Bestätegung geschéckt.
- Benotze kënnt Dir de System zu Lëtzebuerg an an der Groussregion. Tankkäschten, Versécherung, Botzen a Service sinn am Präis mat abegraff.
- Bréngt d’Gefier virun Enn vun der Faart zeréck bei de Startpunkt.
- Beendegt dann d’Faart an der FLEX App.
Méi Informatiounen op: www.flex.lu
Flyer FLEX Carsharing
