KoBriBus
Wat ass dat?
De KoBriBus erlaabt et Iech, mam Minibus tëschent der Gemeng Koplescht an eisen Nopeschgemengen hin an hier ze fueren (an och innerhalb vun der Gemeng Koplescht), z.B. Akafszenter, Visitt beim Dokter, Klinicken, Altersheem asw.
Gemengen déi ugefuer ginn: Kielen, Mamer, Stroossen, Bartreng, Steesel, Walfer, Spideeler an Dokteren an der Stad Lëtzebuerg.
Fir wien?
All Awunner aus der Gemeng Koplescht ab 65 Joer oder mat enger kierperlecher Aschränkung (temporär oder definitiv).
Wéini?
De KoBriBus fiert all Dënschden, Donneschden a Samschden (ausser wärend de Feierdeeg) vu moies 9.00 Auer (éischten Depart) bis nomëttes 17.00 Auer (leschten Depart).
Wéi reservéiert een?
Fir vum KoBriBus ze profitéieren, sollt Dir Ären Trajet op mannst 24 Stonnen am Viraus iwwer Telefon reservéieren. Dëst ass och den Dag selwer méiglech, virausgesat dass de Bus disponibel ass.
Dir braucht dofir just op d’Nummer 27 3 27 – 333 unzeruffen an den Dag, d’Auerzäit, d’Plaz vum Depart, d’Destinatioun an d’Unzuel vu Leit unzeginn, déi matfuere wëllen. D’Reservatiounshotline ass vu méindes bis samschdes tëschent 7.00 a 18.00 Auer besat. Jee nodeem, wéi den Trafic op de Stroossen ass, kann et zu Waardezäite kommen.
De KoBriBus ass gratis.
Kaart
