Poste vacant · Fonctionnaire communal B1
Fonctionnaire communal B1
D’Gemeng Koplescht wëll e Gemengebeamten (m/w) fir de Finanzservice engagéieren, Behandlungsgrupp B1, administrativen Ënnergrupp, a Vollzäit an op onbestëmmten Zäit.
D’Kandidate mussen den definitiven Opnamexamen vun der betraffener Karriär bestanen hunn. Eng berufflech Erfarung am Beräich vun de Gemengefinanzen am Allgemengen, souwéi an de Beräicher Facturatioun a Quittéierung, kann en Avantage duerstellen.
Bäizeleeënd Dokumenter:
- e Motivatiounsbréif
- en detailléierte Curriculum vitae mat rezenter Foto
- e rezenten Extrait (< 3 Méint) vum Acte de naissance
- eng Kopie vun engem gültegen Identitéitsdokument
- e rezenten Extrait (< 3 Méint) aus dem Casier judiciaire, Bulletin n°3
- déi erfuerderlech Studien- a Formatiounszertifikater an Diplomer oder Kopie vun dësen Dokumenter
D’Kandidaten si gebieden, hir schrëftlech Demande bis spéitstens den 23. Januar 2026 un de Schäfferot vun der Gemeng Koplescht ze adresséieren oder se bannent der selwechter Frist elektronesch un rh@kopstal.lu ze schécken (nëmme gescannten Dokumenter; Fotoen oder aner Formater ginn net acceptéiert).
Méi liesen
alles gesinn
22.12.25
Actualités
Exzeptionell Faarten Chrëschtdag & Silvester · Nuetseil
19.12.25
Actualités
Ëffnungszäiten um Enn vum Joer
15.12.25
Actualités
Verbued vu Freedefeier op Silvester
14.12.25
Actualités
Ëffnungszäite vun der Conciergerie wärend de Feierdeeg
25.11.25
Actualités
Biergerëmfro - Plan de développement communal (PDC)
20.11.25
Actualités
Commande Chrëschtbeemercher · Croix-Rouge & Jugendhaus
11.11.25
Actualités
Biergeréierung · Opruff fir Kandidaturen
06.10.25
Actualités
Spillplazen am Wandel – Neies aus Koplescht & Briddel
01.10.25
Actualités
Convocation Conseil Communal
28.07.25
Actualités
Summerëffnungszäiten vun der Conciergerie
Affiche de 1 à 10 sur 20 éléments