Skip to main content
20.11.25

Commande Chrëschtbeemercher · Croix-Rouge & Jugendhaus

Informatiounen

Maacht eng GUTT AKTIOUN andeems Dir äre Chrëschtbam bestellt!

Är lokal Sektioun vum Roude Kräiz an d’Jugendhaus bidden iech un, äre Chrëschtbam ze kafen an dobäi eng gutt Saach ze ënnerstëtzen – fir déi Mënschen, déi op Är Hëllef ugewise sinn.

Bestellt äre Chrëschtbam elo bis spéitstens den 10. Dezember 2025 per E-Mail bei der lokaler Sektioun vum Roude Kräiz Kopstal-Bridel: joelle.breuer@gmail.com, a gitt Ären Numm, Är Adress an de gewënschten Dag vun der Liwwerung un.

Eis Nordmann-Dänne mat enger Héicht vun zirka 170 cm gi fir 50 € verkaf (méi grouss Exemplaren op Ufro).

D’gratis Liwwerung gëtt vum 2. bis den 19. Dezember (Dënschdes - Samschdes) zu Koplescht an um Briddel vum Jugendhaus um Briddel organiséiert.

D’Bezuelung ka per Virement am Viraus oder bar bei der Liwwerung gemaach ginn.