Spillplazen am Wandel – Neies aus Koplescht & Briddel
Informatiounen
D’Spillplazen an der Gemeng Koplescht veränneren sech. Ob um Schoulhaff, am Spillschoulsgaart oder bei der Maison Relais – iwwerall geschitt eppes, fir de Kanner nach méi Plaz ze gi fir ze spillen, z‘entdecken an ze rosen.
Frësche Wand um Schoulhaff
Wéinst de Renovatiounsaarbechte vun der Maison Relais an der Primärschoul um Briddel, gouf déi besteeënd Spillplaz deelweis zougemaach. Den zentrale Schoulhaff kritt en neie Belag, an zwar bis Enn dëst Joer an zwou Etappen. Fir dass d’Kanner trotzdeem aktiv kënne bleiwen, ginn zwee Fussballsgoler an zwee Basketballkierf installéiert. Zousätzlech si Buedemspiller geplangt, fir den Haff nach méi lieweg a faarweg ze gestalten.
Neien Elan am Spillschoulsgaart
Och bei der Spillplaz virun der Spillschoul stinn Ännerungen un: D’Spannennetz-Schaukel gëtt duerch eng nei Attraktioun ersat. Well de Buedem gegoss ass, ass en Austausch nëmme mat engem accordéierten an identesche Spill méiglech – dat mécht d’Aarbechte méi deier, méi opwänneg a méi zäitintensiv.
Natur pur bei der Maison Relais
Besonnesch spannend gëtt et bei der Maison Relais: Hei entsteet eng nei naturno Spillplaz. Haaptattraktioun gëtt de Weidentunnel, wou ee spillen, sech verstoppen oder einfach dreeme kann. Dräi nei Holzspiller fërderen d’Beweegung an d’Motorik, an am Insektenhotel kënne kleng Déieren entdeckt ginn.
Am Kraidergaart dierfen d’Kanner richen, schmaachen a beim Kachen nokucken – vläicht souguer hir eegen Zopp preparéieren. Sandkëscht a Buerbeswee stimuléieren d‘Fantasie an d‘Sënner a stäerken de Kierper a Geescht. An enger spéiderer Phas kommen eventuell och d’Hénger erëm zeréck – d’Kanner sollen dobäi un der Konzipéierung a Gestaltung matwierken an esou léieren, wouhier d’Eeër kommen, déi duerno an der Kichen verschafft ginn.
Méi Natur och an der Rue Camille Claudel
No deem selwechte Konzept wéi bei der Maison Relais ass och an der Rue Camille Claudel eng naturno Spillplaz geplangt. Bis elo gouf d’Topografie opgeholl – d’Virfreed dierf also wuessen.
Spillspaass zu Koplescht
Och d‘Spillplaz zu Koplescht gëtt erweidert: Dat neit Gitter gouf schonn installéiert, geschwë kommen nach zwee Holzspiller an eng Sandkëscht dobäi.
Déi verschidden Aarbechten si fir déi nächst Zäit virgesinn, hir konkret Ëmsetzung hänkt awer och vun de jeeweilegen Zouliwwerer an externe Firmen of.
Méi liesen
alles gesinn
15.12.25
Actualités
Verbued vu Freedefeier op Silvester
20.11.25
Actualités
Commande Chrëschtbeemercher · Croix-Rouge & Jugendhaus
11.11.25
Actualités
Biergeréierung · Opruff fir Kandidaturen
03.11.25
Actualités
Biergerëmfro - Plan de développement communal (PDC)
01.10.25
Actualités
Convocation Conseil Communal
28.07.25
Actualités
Summerëffnungszäiten vun der Conciergerie
10.07.25
Actualités
Schoulsak-Aktioun 2025
01.07.25
Actualités
Schoulfräi um Briddel den 2. Juli Nomëttes
25.06.25
Actualités
Héije Waasserverbrauch vum Drénkwaasser
20.06.25
Actualités
Kommunikatioun un d'Bierger - Service des eaux
Affiche de 1 à 10 sur 20 éléments