Biergeréierung · Opruff fir Kandidaturen
Informatiounen
De Schäfferot an d’Sportskommissioun hunn d’Freed Iech matzedeelen, datt déi éischt Editioun vun der Biergeréierung am Januar am Kader vum Neijoerschpatt stattfanne wäert. Dës Éierung huet zum Zil, Persounen déi an der Gemeng wunne souwéi lokal Veräiner ze éieren, déi sech op aussergewéinlech Aart a Weis an de follgende Beräicher ervirgedoen hunn:
- Sport: Leeschtungen um nationalen oder internationalen Niveau, souwéi aussergewéinlech Bäiträg ausserhalb vun de Kompetitiounen (Asaz, Fair-Play, Inklusioun, asw.)
- Kultur: Bedeitend Aktivitéiten oder aussergewéinlech Projeten, déi zur kultureller Entwécklung an der Gemeng bäidroen
- Fräiwëllegenasaz: Laangjärege (op d’mannst 10 Joer) Engagement am lokale Veräinsliewen, sozial, interkulturell, mënschlech, wëssenschaftlech oder integrativ Aktiounen
D’Kandidature kënne vu Veräinsresponsabelen, Biergerinnen a Bierger oder zoustännege Kommissiounen agereecht ginn. Fir Kandidate virzeschloen, schéckt w.e.g. bis den 8. Dezember eng E-Mail u secretariat@kopstal.lu mat e puer Detailer (Motivatioun).
Méi liesen
alles gesinn
22.12.25
Actualités
Exzeptionell Faarten Chrëschtdag & Silvester · Nuetseil
19.12.25
Actualités
Ëffnungszäiten um Enn vum Joer
15.12.25
Actualités
Verbued vu Freedefeier op Silvester
14.12.25
Actualités
Ëffnungszäite vun der Conciergerie wärend de Feierdeeg
25.11.25
Actualités
Biergerëmfro - Plan de développement communal (PDC)
20.11.25
Actualités
Commande Chrëschtbeemercher · Croix-Rouge & Jugendhaus
06.10.25
Actualités
Spillplazen am Wandel – Neies aus Koplescht & Briddel
01.10.25
Actualités
Convocation Conseil Communal
28.07.25
Actualités
Summerëffnungszäiten vun der Conciergerie
10.07.25
Actualités
Schoulsak-Aktioun 2025
Affiche de 1 à 10 sur 20 éléments