Skip to main content

D’Geschicht an d’Wopen

Den Ursprong vun der Gemeng

D’Gemeng Koplescht gouf duerch d'Gesetz vum 22. Februar 1853 gegrënnt, dat Koplescht vun der Gemeng Kielen an de Briddel vun der Gemeng Steesel getrennt huet, fir eng nei Gemeng ze bilden.

D'Opdeelung vum Wope bezitt sech op déi zwou Uertschaften an der Gemeng: Koplescht a Briddel. Déi gréng Faarf symboliséiert d'Bëscher, déi e groussen Deel vum Gemengenterrain iwwerdecken, wärend déi blo Faarf un déi sëlleg Quellen an der Gemeng erënnert, déi e wichtege Bäitrag zur Drénkwaasserversuergung vun der Stad Lëtzebuerg leeschten.

Schlussendlech symboliséiert de Weidenaascht d'Kuerfbauindustrie, déi am Ufank vum 20. Joerhonnert zu Koplescht gebléit huet, souwéi déi extensiv Weidenbëscher, déi et deemools do goufen. 

Ecusson armoiries large