Bestietnes
Modalitéiten & Demarche
Fir sech ze bestueden, mussen e puer legal an administrativ Obligatiounen erfëllt ginn. Andeems Dir den Dossier ënnen op dëser Säit erofluet a liest, fannt Dir all néideg Informatiounen. D'Bestietnes kann nëmmen an der Gemeng stattfannen, wou de Mann an/oder d'Fra hire legale Wunnsëtz huet. Wann nach Detailer ze kläre bleiwen, kënnt Dir gären de Biergerzenter kontaktéieren.
D'Zesummestellung vun engem Bestietnes Dossier
Déi néideg Dokumenter hänke vum Land of aus deem Dir kommt. Eng Lëscht vun dësen Dokumenter fannt Dir am Dossier deen Dir ënnen erofluede kënnt. Wann Äert Land net opgelëscht ass, da kontaktéiert wgl. de Biergerzenter.
Ee vun den zukünftege Partnere muss bei de Biergerzenter goe fir den Dossier ofzeginn. Et ass essenziell e Rendez-vous fir d'Remise ze maachen.
Et ass wichteg ze preziséieren, datt de Fichier komplett muss sinn ier d'Verëffentlechung ka gemaach ginn. D'Deadline fir de Fichier ofzeginn ass 2 Méint virum Hochzäitsdatum.
Den Typ vun den Dokumenter, wéi och déi erfuerderlech Qualitéit (z.B.: Alter < 3 Méint, original Dokument, Apostille de la Haye, etc.) sinn esou vum Gesetz verlaangt, a sinn net verhandelbar.
D'Dokumenter an hir Qualitéit
- All d'Dokumenter mussen op Franséisch, Däitsch oder Englesch geschriwwe sinn, oder an eng vun dësen dräi Sprooche vun engem autoriséierten a vereedegten Iwwersetzer zu Lëtzebuerg iwwersat ginn, entweder vun Ärer Ambassade oder vum Konsulat (Iwwersetzung am léifsten ëmmer op Franséisch).
- All d'Dokumenter fir de Bestietnes Dossier muss e rezenten Emissiounsdatum hunn, < 3 Méint fir Lëtzebuerg an < 6 Méint fir auslännesch Dokumenter um Dag vun der Ufro. (Ausser fir Gebuertsschäiner aus verschiddene Länner, frot hei beim Responsabel vun Ärem Dossier no).
- Wann Dir e Bierger vun engem Land ausserhalb vun der Europäescher Unioun an dem Europäesche Wirtschaftsraum sidd (Schwäiz, Norwegen, Island, Liechtenstein), mussen all d'Dokumenter fir d'Bestietnes apostilléiert oder legaliséiert ginn. Ëm wat geet et?
- Apostille de la Haye: Et handelt sech hei ëm een Accord dee vun enger Majoritéit vu Länner ënnerschriwwen ass, deen d'Authentizitéit vun hiren Dokumenter garantéiert an déi mat engem spezielle Sigel erausgi ginn. Iwwerpréift wgl. um Internet oder zesumme mam Biergerzenter, ob Äert Land Signataire ass. Dësen Apostille gëtt normalerweis vum Ministère verantwortlech fir Aussepolitik aus Ärem Land erausginn.
- Legaliséierung: Nëmme wann Äert Land net Signataire vun der Haager Konventioun ass, mussen d'Dokumenter eng Legaliséierung vun der Ënnerschrëft op verschiddenen Niveauen droen. Frot dat wgl. beim Konsulat / Ambassade vun Ärem Land no.
Choix vum Hochzäitsdatum
Den Offizéier vum État Civil fixéiert mat Iech zesummen den Datum vun der Hochzäit, jee no de Méiglechkeete vum Büro an der Disponibilitéit vum Buergermeeschter oder engem Schäffen. Et gëtt keng Lëscht vun am Viraus festgeluechten Hochzäitsdatumer.
Ee vun de proposéierten Datumer gëtt Iech bannent e puer Deeg bestätegt. Eréischt no dëser Bestätegung kënnt Dir Är Hochzäit mat Äre Gäscht organiséieren. De festgeluechten Datum ass garantéiert, ausser a Fäll vu Force Majeure.
D'Hochzäite kënnen all Aarbechtsdag tëschent 10.00 an 12.00 Auer oder tëschent 13.30 a 15.00 Auer stattfannen. Et gi keng Hochzäiten ausserhalb vun de Bürosstonnen oder um Weekend gehalen.
D'Zeremonie
D’Feier vum ziville Bestietnes gëtt laut Lëtzebuerger Gesetzgebung duerchgefouert a fënnt am Prinzip am Hochzäitssall vun der Märei zu Koplescht (28 rue de Saeul) statt, wou Plaz fir maximal 20 Leit ass (zousätzlech zur Koppel).
Rechent ongeféier 30 Minutte fir d'Zeremonie an 30 Minutte fir den Éierewäin dee vun der Gemeng offréiert gëtt.
D’Flicht vun der Gemeng, an och d’Zil vun der ziviller Hochzäit, ass et Iech gesetzlech no den Ufuerderunge vum Code Civil ze bestueden.
Natierlech sinn Är Gäscht wëllkomm, mir weisen Iech awer drop hin datt dëst offiziellt Evenement net als eng Aart weltlech Hochzäit / Fräitrauung geduecht ass, well d'Plaz limitéiert ass an d'Dauer och op +- eng Stonn limitéiert ass.
Äert Bestietnes gëtt den éischten Aarbechtsdag no der Hochzäit am Nationale Register ugemellt an ass direkt sichtbar fir all Lëtzebuerger Verwaltung (Staat, Gemengen a Para-Staat (CNS, Pensiounskeess)).
Wann Dir aus engem anere Land wéi Lëtzebuerg sidd: Et ass Är Verantwortung fir Äert Bestietnes beim État civil vun dësem Land unzemellen. Soss sidd Dir legal zu Lëtzebuerg bestuet, awer net an Ärem Hierkonftsland.
N.B.: Selbstverständlech gëtt all falsch Deklaratioun, Versuch vu Bedruch oder Fälschung, déi virum Offizéier vum État civil gemaach gëtt, dem Staatsprocureur gemellt a ka Strofverfollgunge mat sech zéien. D'Hochzäit gëtt dann annuléiert.
Bestietnes Dossier
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
