Skip to main content

Missioun

D’Jugendhaus bitt Iech vill verschidden Indoor- an Outdooraktivitéite un, wéi:

  • Billiard
  • Kicker
  • Playstation 4 & 5
  • Dëschtennis
  • Darts
  • Brietspiller
  • Computer Sall
  • « Entspanungseck » fir ze liesen
  • Frisbee
  • Volleyball
  • Badminton
  • Fussball, asw.

Si bidde reegelméisseg Aktivitéite un, wéi Sport all Mëttwoch an der Sportshal an all Freiden Kachaktivitéiten. D’Jugendhaus ass en Treffpunkt, wou Dir decidéiert wat Dir maache wëllt.

Zousätzlech organiséiere si reegelméisseg sportlech, kulturell oder sozial Aktivitéiten, jee no Äre perséinlechen Interessen. Mir proposéieren och Owender wéi: 

  • Filmowender
  • Themenowender
  • Ausflich an d’Schwämm
  • Erliewnespark
  • Karting
  • Kloteren
  • Mountainbiken
  • Kino
  • Äispist
  • Fussballturnéier a villes méi.

Et ass och eng Plaz fir d’Nolauschteren, Austausch an Orientéierung. Si sinn ëmmer opmierksam a prett Iech ze hëllefen, egal wat d’ Erausfuerderunge vum Liewen sinn.

Ekipp

D’Ekipp vum Briddel besteet aus dem Lynn, dem Zoe an dem Rusty.

Si sinn do fir iech nozelauschteren, ze ënnerstëtzen, ze begleeden oder ze motivéieren.

Am Jugendhaus Steesel fannt dir d’Audrey an den Davide.

Zesumme bilde si eng individuell an oppen Ekipp, déi ëmmer fir iech do ass a probéiert iech esou gutt et geet an ären Iddien ze ënnerstëtzen.

Am Kader vun de Jugendhaiser vum Lëtzebuerger Roude Kräiz handelt et sech ëm eng Ekipp vun Educateuren a Pädagogen déi an insgesamt 11 verschiddenen Haiser schaffen. Ënnerstëtzt gi si vun enger Koordinatiounsekipp déi aus 3 Persoune besteet a geleet ginn d’Haiser vun engem Chargé de Direction.

Säit 2021 ginn d’Jugendhaiser och vum Service Psy Up ënnerstëtzt, deen aus professionelle Psychologe besteet. Dës besiche reegelméisseg d’Jugendhaiser a bidden iech d’Méiglechkeet op eng zousätzlech Ënnerstëtzung fir ären Alldag oder fir bei Problemer ze hëllefen.

Wéchentlech Aktivitéiten

Wéchentlech Aktivitéiten déi de Moment ugebuede ginn:

  • Sport an der Sportshal um Briddel · all Mëttwoch tëschent 17:00 an 18:30
  • Kachcours · all Freideg tëschent 17:00 an 21:00

Kontakt

Adress

5, rue Gerden

L–8132 Bridel

Tel : 26 33 17 12

Kontaktpersounen

Zoé EVANS621 735 109zoe.evans@croix-rouge.lu
Rusty JACOBY621 338 129rusty.jacoby@croix-rouge.lu
Lynn FELLERGSM : 621 139 275lynn.feller@croix-rouge.lu

Vun dënschdes bis samschdes moies si si erreechbar a kennen och ee Rendez-vous ubidde fir iech, souwuel wéi fir är Elteren. 

Freides si si  ab Mëtteg disponibel fir Rendez-vousen. 

Wann Dir Froen hutt, zéckt net d’Jugendhaus ze kontaktéieren, si äntweren iech gären op är Froen.

Ëffnungszäiten

Méindes zou 
Dënschdes14h00 – 19h00
Mëttwoch 15h00 – 19h00
Donneschdes 14h00 – 19h00
Freides 16h00 – 22h00
Samschdes 14h00 – 19h00
Sonndes zou