Skip to main content

Allgemeng Informatiounen

An Zesummenaarbecht mat der Museksschoul vun der UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) organiséiert d'Gemeng Koplescht all Schouljoer Museks-, Instrument- a Gesangsformatiounen. 

D'Awunner vun der Gemeng, op jonk oder eeler, kënne vun enger ganzer Rei u Musekscoursë profitéieren:

Kollektivcoursen

  • Éveil musical: ab dem Cycle 1.2
  • Formation musicale: ab dem Cycle 2.2
  • Formation musicale accélérée: fir Erwuessener a Kanner ab 12 Joer
  • Formation théâtrale: vu 7 bis 13 Joer
  • Formation chorale: vu 7 bis 14 Joer (+ niewebäi d'formation musicale suivéieren)
  • Chouergesang fir Erwuessener: ab 15 Joer

Eenzelcoursen

  • Querflütt
  • Klarinett
  • Oboe
  • Fagott
  • Saxophon
  • Kleng Messinginstrumenter (Trompett, Bugle, Cornet)
  • Cor en fa
  • Trombone
  • Grouss Messinginstrumenter (Bariton, Euphonium, Bass Tuba, Kontrabass)
  • Perkussioun / Drumset
  • Piano
  • Klassesch, elektresch a Bass Gittar
  • Strings (Gei an Cello)
  • Individuelle Gesang


 

Modalitéiten a Programm - UGDA 2024-25

Aschreiwungen

D'Aschreiwungen sinn de 26. Mee 2024 clôturéiert ginn. 

Weider Informatiounen fannt Dir op: www.ugda.lu 

 

Kontakt

Patricia Soares

Lokale Responsabel

École de musique de l'UGDA 

patricia.soares@ugda.lu
Tél.: 22 05 58 39